Gëtt et och zu Lëtzebuerg eng Recommandatioun datt e Patient no enger COVID-Infektioun 7 Wochen waarde soll, virun deem e sech kann operéiere loosse ?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu Operatiounen no enger SARS-CoV-2 Infektioun un d’Gesondheetsministesch weider ze leeden.

Laut enger Etude vum COVIDSurg Collaborative[1] kënnt et bei Patienten di bannent 7 Wochen no enger SARS-CoV-2 Infektioun operéiert ginn, zu enger erhéijte Stierwlechkeet no dem operativen Agrëff.

Brittesch Fuerscher schléissen heiraus datt no 7 Woche bei Patienten ouni Symptomer keng speziell Virsiichtsmoossname méi néideg sinn am Fall vun enger Operatioun. Bei den anere Fäll wou et och nach no 7 Woche Symptomer virleie, mussen d‘Dokteren ofschätzen ob e Verréckele vun enger Operatioun méi riskant wier wéi eventuell Komplikatiounen no engerOperatioun bedéngt duerch eng COVID-Infektioun.

De Beruffsverband vun den däitsche Chirurg*innen an d‘Bundesverbände deutscher Anästhesist*innen hunn esouguer eng offiziell Recommandatioun[2] erausgi fir mat Operatioune 7 Wochen no enger COVID-Infektioun ze waarden.

 

Virun dësem Hannergrond wollt ech folgend Froen un d‘Gesondheetsministesch stellen:

– Kennt d‘Regierung déi besoten Etude resp. déi genannte Recommandatiounen?

– Ginn et änlech Recommandatiounen och an oder fir d’Spideeler zu Lëtzebuerg?

– Wa jo, ginn et Statistike wéi vill Operatiounen doduerch verréckelt goufen?

– Deelt d‘Regierung d‘Meenung datt esou Recommandatioune sënnvoll sinn?

 

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Max Hengel

Deputéierten

 

[1] https://pubmed.ncbi.nlm.nih.gov/33690889/

[2] https://www.dgai.de/alle-docman-dokumente/aktuelles/1696-stellungnahme-zu-operation-und-intervall-zu-covid19-impfung-oder-infektion-12-05-2021/file.html

Zréck