Gëtt et momentan e Problem bei der Versuergung mat Impfstoffer wat Kannerdokteren ugeet ? Wa jo, wourop ass dat zréck ze féieren a wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuele fir datt et an Zukunft net méi zu esou Enkpäss kënnt ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

Eisen Informatiounen no gëtt et momentan e Probleem bei der Versuergung mat Impfstoffer am Grand-Duché, virun allem am Beräich vun der Pediatrie. Säit längerer Zäit hunn d’Kannerdokteren uechter d’Land Schwieregkeete fir mat Impfstoffer beliwwert ze ginn, wat zur Konsequenz huet, datt verschidde Kanner ze spéit hir Impfunge kréien. Ufank Mäerz sollt eng Reunioun tëscht de Kannerdokteren a Vertrieder aus dem Gesondheetsministère sinn, déi awer aus verständleche Grënn huet missten ofgesot ginn.

Anerersäits wier et awer méiglech Impfstoffer mat deenen d’Kannerdokteren net beliwwert ginn, an der Apdikt ze kafen.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Gesondheetsministesch stellen:

  1. Kann d’Ministesch confirméieren datt et Enkpäss bei den Impfstoffer gëtt ?
  2. Wa jo, wourop ass dat zréck ze féieren?
  3. Wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuele fir datt et an Zukunft net méi zu esou Enkpäss kënnt?
  4. Kann d’Ministesch confirméieren datt ee verschidde Vaccine an der Apdikt ze kafe kritt obwuel d’Kannerdokteren net domat beliwwert ginn?
  5. Wa jo, wéi ass dat ze erklären?
  6. Ass geplangt déi Reunioun mat de Kannerdokteren nozehuelen déi wéinst der Pandemie ausgefall war ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                   Jean-Marie Halsdorf

Deputéiert                                           Deputéierten

 

Zréck