Gëtt et aktuell e Problem wat d’Reschter vu Cannabispreparater an der Natur ubelaangt?

Här President,

Sou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech biede follgend parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau, un d’Madame Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet an un den Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit weiderzeleeden.

Rezente Medieberichter no, sollen et an Däitschland ëmmer méi Fäll vun THC-Vergëftunge bei Hënn ginn. An de meeschte Fäll wier dat dorop zeréckzeféieren, dass en d’Hënn an der Natur op Reschter vu Cannabispreparater stoussen an déi ongewollt verschlécke géifen. Veterinäre weisen sech alarméiert a verweisen op déi grave gesondheetlech Konsequenzen déi dëst mat sech brénge kann.

An dem Zesummenhang géing ech gär follgend Froen un d’Dammen an den Här Minister stellen :

  • Sinn de Ministeren Fäll vun THC-Vergëftunge bei Hënn hei am Land bekannt a wa jo, wéi vill?
  • Ginn et och esou Fäll bei aneren Déieren?
  • Gëtt et aktuell hei zu Lëtzebuerg e Problem wat d’Reschter vu Cannabispreparater an der Natur ubelaangt?
  • Gëtt et de Ministeren no, eng Relatioun tëschent der rezenter Liberaliséierung vum Cannabis an der Quantitéit u Reschter u Cannabispreparater an der Natur, wéi och der Unzuel u Behandlunge vun THC-Vergëftunge bei Hënn?
  • Wat gedenken d‘Ministeren géint dëse Phenomen z‘ënnerhuelen, respektive derfir ze suergen, dass dësen net hei zu Lëtzebuerg opkënnt?
  • Wuelwëssend dass et elo scho verbueden ass, Offall an der Natur ze entsuergen, sinn d’Ministeren net der Meenung, dass e speziell iwwert dës Problematik sensibiliséiere sollt fir op déi grave gesondheetlech Konsequenze fir d’Déieren opmierksam ze maachen? Ass an deem Sënn eng Sensibiliséierungscampagne geplangt?
  • Wat fir Moyen’e stinn de Veterinären am Moment hei zu Lëtzebuerg zur Verfügung fir eng THC-Vergëftung ze diagnostizéieren?
  • Wéi eng Therapieméiglechkeete ginn et aktuell an dem Fall?
  • Ginn et vun offizieller Säit aus, Recommandatioune wat en als Proprietäre vun engem Hond an dem Fall soll maachen?
    • Wa jo, wéi eng Recommandatioune sinn dat?
    • Wann nee, gedenken d‘Ministeren esou Recommandatiounen auszeschaffen?

Här President, ech bieden Iech dës Fro mat mengem déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt – Deputéiert

Zréck