Gëtt d’Autorisatioun, fir zu Lëtzebuerg de Beruff vum Dokter oder Veterinär auszeüben, a Papeierform ausgestallt?

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Gesondheetsministesch an un den delegéierte Minister fir d’Digitalisatioun weiderzeleeden.

Wann en Dokter hei zu Lëtzebuerg wëll praktizéieren, muss hien eng Demande beim Gesondheetsministère maachen an eng Rei Piècen areechen, déi am „Règlement grand-ducal du 14 janvier 2013 fixant la procédure à suivre pour obtenir l’autorisation d’exercer les professions de médecin, de médecin-dentiste et de médecin-vétérinaire“ genee definéiert sinn. De Collège médical iwwerpréift den Dossier a schéckt en zréck un de Ministère, deen dann de definitiven Accord gëtt. Laut den Angaben op guichet.lu kritt den Demandeur, no engem positiven Avis, d’Autorisatioun vum Ministère per Post zougschéckt. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch an un den delegéierte Minister fir d’Digitalisatioun stellen:

  • Gëtt d’Autorisatioun, fir zu Lëtzebuerg de Beruff vum Dokter oder Veterinär auszeüben, a Papeierform ausgestallt?
    • Wa jo, ass dat Dokument fälschungssécher?
    • Wann nee, denkt d’Regierung drun, d’Autorisatioun a Form vun enger Kaart erauszeginn, déi elektronesch liesbar an domat och fälschungssécher ass?
  • Denkt d’Regierung drun, d’Autorisatioun a méi Sprooche méiglech ze maachen?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Marc Spautz, Deputéierten

Zréck