Gestion Locative Sociale : Wéi ass d’Prozedur bei Degradatioun vu Wunnengen ?

Här President,
Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro un den Här Wunnengsbauminister weiderzeleeden.
D’Gestion locative sociale ass en Instrument fir den iwwerhëtzte Locatiounsmaart ze entlaaschten. D’Zil ass et, eidel Privatwunnenge fir Leit mat klengem Akommes ënnert dem Marchéspräis ze verlounen. Dëst Locatiounssegment muss verstäerkt vum Staat ënnerstëtzt ginn esou datt nach méi Wunnengen aus dem Leerstand nees an d’Locatioun kommen.
Wat de Locatiounskontrakt an den Ënnerhalt vun dëse Wunnengen betrëfft, déi iwwert d’Gestion locative sociale vun der AIS verlount ginn, géife mir gären folgend Froen un den Här Wunnengsbauminister stellen
Bezilt de Locataire eng Kautioun fir all eventueller Degradatioun vun der Wunneng kennen entgéint ze wierken?
Gëtt et eng Statistik iwwert e mëttlere Käschtepunkt wat d’Remise en état vun dëse Wunnengen ugeet?
Wéi vill Härtefäll vun enger gréisserer Degradatioun sinn dem Ministère bekannt?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Marc Lies Martine Hansen

Deputéiert

Zréck