Geseit d’Regierung vir, ob Grond vun der Inflatioun, den steigenden Liewenserhalungskäschten, déi finanziell Hëllef vum ONE no uewen un ze passen ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Famill an Integratioun weiderzeleeden.

 

Virun e puer Joer ass de SLEMO (Suivi Logement en Milieu Ouvert) vun verschidden Acteuren am soziale Beräich an d’Liewe geruff ginn. Dës Strukturen hunn et als Ziel Inclusioun duerch Logementer vir Kanner, Jugendlecher a jonk Erwuessener mat familiären an/oder psychosozialen Schwieregkeeten ze schafen an dës Persounen bei enger eegestänneger Liewensféierung ze ënnerstëtzen.

Eisen Informatiounen no ass déi finanziell Hëllef déi dës Jugendlech tëschent 17 a 27 Joer vum Office national de l’Enfance (ONE) kréien zanter opmannst 5 Joer net méi ugepasst ginn.

 

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un d‘Regierung stellen :

  • Geseit d’Regierung vir, ob Grond vun der Inflatioun, den steigenden Liewenserhalungskäschten, dësen Betrag no uewen un ze passen ?
  • Wann jo – wéini a wéi héich soll des Aide eropgesat ginn ?
  • Wann nee – wat ass de Grond dofir ?
  • Wéi vill Jugendlecher profitéieren bis dato vun dëser Hëllef ?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Octavie Modert

Marc Spautz

Zréck