Gesäit d’Regierung fir e Bilan ze zéien, vir den neien RGTR Reseau ze evaluéieren an gegebenfalls ze verbesseren ?

 

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.

Op Grond vun der Reorganisatioun an dem neien Reseau RGTR , wieren a verschiddenen Uertschaften grouss Onzefriddenheeten bei Gemengen an Passagéier.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Gesäit d’Regierung fir e Bilan ze zéien, vir den neien RGTR Reseau ze evaluéieren an gegebenfalls ze verbesseren ?
  • Gëtt den Reclammatiounen vun de Gemengen an de Passagéier Rechnung gedroen a kennt et zu Alternativen ?
    • Wa jo, wéi gesinn des Alternativen aus ?

 

Här President, ech bieden Iech main déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Spautz

Zréck