Gesäit d’Prozedur vir beim Biontech Pfizer Impfstoff nëmmen 6 Sprëtzen mat 0,3 mL ze sprëtzen an eng Reschtquantitéit vun 0,45 mL per Flacon ewech ze geheien? 

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro betreffend den Impfsprëtzen un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

Laut der Madamm Gesondheetsministesch hirer Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°3914 betreffend den effizienten Impfsprëtzen, ginn aktuell «zu Lëtzebuerg aus all Fläsch respektiv 6 Dosen Cormirnaty, 10 Dosen COVID-19 Impfung Moderna an 10 Dosen COVID-19 Impfung AstraZeneca extraheiert».

 

Mengen Informatiounen no wiere 0,45 mL an engem Vaccinsflacon mam Biontech Pfizer Impfstoff, bei déi 1,8 mL Verdënnungsmëttel dobäi kommen, déi preparéiert Solutioun géing soumat 2,25 mL bedroen, vun där 6 Sprëtzen vun 0,3 mL administréiert ginn. Esou giffen also 0,45 mL (2,25mL minus 1,8 mL) vun der preparéierter Solutioun pro Flacon iwwreg bleiwen an ewechgeheit ginn.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

 

  • Wéi eng Informatioun kritt eist Gesondheetspersonal déi am Kader vun der Reserve Sanitaire d’Formatioun maachen vir d’Leit kennen ze impfen ? Kréien se gesot se sollen nëmmen 6 Sprëtzen maachen an de Rescht ewechgeheien ?
  • Gesäit d’Prozedur bei der Formatioun effektiv nëmmen 6 Dosen fir ?
    • Wa jo, aus wéi engem Grond, wëssend datt een, wann nach 0,45 mL pro Flacon iwwreg bleiwen, an een 0,3 mL brauch pro Sprëtz, locker kann op mannst 1 Injektioun pro Flacon méi maachen ?
    • Wann net, aus wéi engem Grond ginn déi 0,45 mL dann ewechgehäit, wëssend datt mir e Mangel un Impfdosen hunn ?
  • Ween huet des Prozedur vun 6 Sprëtzen festgeluecht ? Am Fall wou dës nëmmen 6 Dose per Sprëtz firgesäit, kann een d’Quantitéit op 7 eropsetzen, mam But all Vaccinsflacon méi effizient ze gebrauchen ?
  • Wéi vill Impfstoff ass bis elo ewechgeheit ginn ?
  • D’Madamm Ministesch huet an hirer Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°3914 uginn datt zënter dem Gebrauch vun dësen effiziente Sprëtzen am Januar 2021 en zousätzleche Volume vun zirka 20% vun der Comirnaty (Biontech Pfizer) Impfung zu Lëtzebuerg aus all Fläsch extraheiert konnt g

Kann d’Regierung mech am Detail doriwwer informéieren wéi se zur Conclusioun kënnt datt een unhand vun deenen uewen genannten Sprëtzen mat der Biontech Pfizer Impfung 20% méi konnt impfen ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Nancy Arendt ép. Kemp
Deputéiert

Zréck