Här President,
Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister vir Gesondheet weider ze leeden.
Sougenannten Pop-up Impfstatiounen sin elo opgemaach ginn, wou d’Leit sech kennen op verschiddenen Deeg op verschiddene Platzen am Land impfen loossen ouni virdrun mussen e RDV ze huelen. D’Datumer an wou déi eenzel Pop-up Statiounen sech tëschent dem 21. Januar an dem 2. Februar 2022 befannen si publizéiert ginn.
Opfälleg ass, dass dës Pop-Up Statiounen relativ am Zentrum zentraliséiert sinn.
An dësem Kontext wéilt ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:
- Kann d’Regierung matdeelen aus wéi engem Grond déi Pop-up Statiounen sou am Zentrum zentraliséiert sinn ?
- Genee wéi d‘Stad Lëtzebuerg huet och Esch, déi zweetgréisste Stad am Land mat 37.000 Awunner een Impfzenter an grouss Centre commercialen, mee kritt awer kee Pop-up. Firwat ass dat esou?
- Am Norden a Westen vum Land ginn et och grouss Akafszentren. Firwat ginn do keng Pop-up Statiounen organiséiert ?
- Wéi gesäit an deem Sënn d‘Impfstrategie vum Gesondheetsministère aus?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Georges Mischo |
Deputéierten |
Zréck