Gemeinsame Fleegedossier zu Lëtzebuerg : ass sécher gestallt, dass et keng Problemer mam System wéi an Däitschland ginn ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Gesondheetsminister an un den Här Minister fir sozial Sécherheet weider ze leeden.

Et ass gewosst datt no enger Testphas mat ronn 59.000 fräiwëllege Patienten, an dësem Joer de gemeinsame Fleegedossier (DSP – Dossier de Soins Partagé) soll agefouert ginn. Dësen elektronesche Patientendossier regroupéiert all d’Informatiounen iwwert de Gesondheetszoustand vum Patient, fir eng besser Kontinuitéit vun der medezinescher Versuergung ze garantéieren.

Och eis däitsch Nopere schaffen un der Aféierung vun esou engem elektronesche Patientendossier. Elo ass awer bekannt ginn datt Computerexpert’en gravéierend Secherheetslücke konnten an hirem System, dat „Telematikinfrastruktur“ heescht, fannen.

Op Grond vun dësen Informatioune wollt ech folgend Froen un d’Regierung stellen:

Ass d’Regierung um Lafende vun de Probleemer am däitsche System?
Op wéi engem System baséiert eisen DSP?
Gëtt et en Austausch tëscht den zoustännegen Autoritéite fir datt kann ausgeschloss ginn, datt eise System och esou Secherheetslücken huet?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

 

 

Zréck