Geheime Casier : Et bleiwen nach ganz vill Froen onbeäntwert. D’CSV freet Kloerheet a stellt nach eng Kéier ronn 50 Froen

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fann der ënnert dësem Link : QP 906

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden mir lech dës parlamentaresch Fro un den Här Justizminister an den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

Am Dossier ëm de sougenannte „geheime Casier“ bleiwen nach eng Rei Froen onbeäntwert. Dëst ass e.a. doduerch ze erklären, dass d’Ministeren et och wärend der ëffentlecher Debatt verpasst hunn op nach oppe Froen ze äntweren. Dobäi kënnt, dass d’Ministeren behaapt hunn sämtlech Froen wiere beäntwert, dës Äntwerten den Deputéierten zum Zäitpunkt vun den Debatten awer net zur Verfügung stoungen. Mir verlangen dann och, dass d’Ministeren konkret Äntwerte liwweren an sech net beschränken op Verweiser op Gesetzer.

Mir erlaben eis duerfir folgend Froen un d’Häre Ministeren ze stellen:

1. An engem Tageblatt-Artikel vum 29. Juni konnt ee folgenden Passage liesen am Kontext vun Rekrutement bäi der Justiz liesen:

„Ein Jobanwärter ist laut eigenen Angaben mit Informationen aus dem unbekannten Register konfrontiert worden – eine illegale, aber gängige Praxis, die dem Tageblatt mittlerweile von hochrangigen Juristen aus der Staatsanwaltschaft bestätigt worden ist.“

Dofir nach eng Kéier eis Fro, déi net beäntwert gouf:

– Goufen et an der Vergaangenheet ähnlech Fäll?

2. Vu dass den Här Justizminister widderspréchlech Aussoen betreffend Datebanken vun der Justiz gemaach huet, wéilte mir Folgendes vun him wëssen:

– Wéi eng Datebanken ginn et bäi der Justiz?

– Wéi eng Autoritéit (i.e. déi National Dateschutzkommissioun (CNPD) oder d’Kontrollautoritéit fir de Schutz vu geriichtlechen Daten) ass fir wéi eng Traitementer zoustänneg? Mir erwaarden eis hei ausféierlech Äntwerten an net nëmmen e Verweis op d’Artikelen 39 a 40 vum Gesetz vum 1. August 2‘018.

– Ass d’Kompetenzopdeelung tëscht den 2 virgenannten Autoritéiten gesetzlech kloer genuch ëmrass?

– Zu wéi engen Zwecker ginn déi Datebanken jeeweils konkret genotzt?

– Wéivil Leit hunn Accès op déi jeeweileg Datebanken? A wéi enger Funktioun hu si déi Accèsen ?

– Ass et méiglech ze retracéieren, wien wéi eng Donnëen zu wéi engen Zwecker benotzt huet? Wéi laang ginn dës Informatiounen gespäichert?

3. Vu dass et widderspréchlech Aussoen zu der Existenz vun nominativen Datebanke bäi der Justiz gëtt, wéilte mir folgend Froen beäntwert kréien:

– Ass et an den eenzele Datebanken méiglech eng Recherche mam Numm ze maachen? A wéi engen Datebanken ass sou en Funktioun virgesinn?

– Wéi eng Informatiounen ginn nieft dem Numm nach encodéiert (just de Gebuertsdatum…)?

– Wann een eng Recherche mam Numm mécht, kënnt dann en vergläichbart Resultat raus, wéi wann een eng Recherche par mot-clé op de gängege Schmaschinnen duerchféiert, i.e. „späizt“ de Computer dann alles eraus wat mat där Persoun an Zesummenhang bruecht ka ginn?

– Wéi eng Informatiounen kommen am Fall z.B. vun enger Recherche mam Numm eraus, i.e. eng Lëscht mat de relevanten Dossiersnummeren an där déi „gesichte“ Persoun virkënnt, ouni zousätzlech Detailer, oder awer eng Lëscht mat zousätzleche Informatiounen zu där Persoun (wéi z.B. de Gebuertsdatum, ob een als Auteur, Co-Auteur, Affer etc. an engem Dossier gefouert gëtt, den Dossier selwer…)? Sinn och aner Recherchen par mot-clé méiglech? Wéi eng sinn dat?

– A wéi fern sinn déi physesch Dossieren digitaliséiert?

– Gëtt och eng Lëscht (mat Datum, Motiv etc.) gefouert vun de Persounen, déi e physeschen Dossier consultéiere ginn?

4. Betreffend den Dossier pénal huet et vun der Procureure générale d’Etat geheescht, dass sämtlech PVen a Rapporten vun der Police beim Parquet agedroe ginn. Se wieren awer net consultéierbar. Se géifen och ni an engem Dossier pénal leien. Si géifen sech op de Casier judiciaire baséieren. An enger Äntwert vum 10. Juli 2019 op eis Fro n°816 heescht et awer elo:

„Bei engem strofrechtleche Prozess befannen sech dofir am Dossier pénal, deen d’Geriicht zur Verfügung huet, all Informatiounen déi relevant si fir d’Beuerteelung vun de Faiten, déi den Ugeklote reprochéiert kritt. Wichteg sinn an deem Kontext d’Rechter vun der Verteidegung vum Ugekloten, wat als Konsequenz huet, dass, haut wéi och an der Vergaangenheet, d‘Verteidegung genau déi selwecht Informatiounen kritt wéi d’Geriicht, am Kader vum „accès au dossier“, sou wéi d’Strofprozessuerdnung et virgesäit. Den Ugekloten kann also dozou Stellung huelen a sech verteidegen, sou wéi et fir e Strofprozess am Gesetz virgesinn ass.“

– Wéi erkläert de Minister sech dës widderspréchlech Aussoen?

– Kann de Minister ausschléissen, dass PVen an/oder Rapporten, déi d’Justiz vu Säiten vun der Police kritt huet – an déi, laut der Procureure générale d‘Etat net consultéierbar sinn fir d‘Justiz, iwwer den Ëmwee vun der Police awer am Dossier pénal landen?

– Fënnt de Minister et net problematesch, dass (i) sech am Dossier pénal eventuell Faiten befannen, déi ni vu Säiten vum Parquet poursuivéiert goufen, wou en Non-lieu oder en Acquittement respektiv eng Rehabilitatioun gesprach gouf an (ii) déi de Riichter a senger Beuerteelung beaflossen?

– Ass d’Ausso, dass eng Persoun am Kontext vum Strofprozess dozou Stellung kann huelen, net en Aveu dass hei Saache schif lafen?

5. Et ass nach ëmmer net kloer, wéi eng Datebanken vun der Police bedriwwe ginn. Duerfir eis Froen:

– Wéi eng Datebanke ginn et bäi der Police?

– Zu wéi engen Zwecker ginn déi Datebanken jeeweils konkret genotzt?

– Wéivil Leit hunn Accès op déi jeeweileg Datebanken? An wéi enger konkreter Funktioun hu si déi Accèsen?

– An enger Äntwert vum 10. Juli 2019 op eis Fro n°771 heescht et:

« Si la Police transmet des données dont elle est le responsable du traitement à une autre administration, ce n’est pas la Police qui prend une décision sur base de ces données, mais l’administration requérante. Dans la plupart des cas précités, la Police n’établit pas de rapport ou d’avis détaillé, mais elle informe simplement cette administration/autorité que pour la personne en question l’interrogation de la base de données est positive par rapport aux critères légalement déterminés. La décision définitive prise par l’administration requérante doit être motivée comme toute décision administrative et être communiquée à l’intéressé afin de lui ouvrir la possibilité d’introduire un recours en cas de désaccord. »

·         A wéi enge Fäll deelt d’Police polizeilech Informatiounen spontan mat anere Verwaltungen?

·         A wéi enge Fäll geschitt dat op Ufro?

·         A wéi enge Fäll redigéiert d’Police e Rapport respektiv en Avis détaillé? A wéi enge Fäll gëtt just informéiert, dass d’Opruffen vun engem Numm positiv oder negativ an hire Datebanke war?

·         Wéi ginn déi betraffe Persounen informéiert, dass se an enger Police-Datebank gefouert ginn? Wann se net doriwwer informéiert ginn, wéi kënnen se dann hir Rechter ausüben?

6. Mir goufen an enger Äntwert vum 9. Juli 2019 op eis Fro n°823 informéiert, dass eng vun de laangjährege Recommandatiounen vun der Artikel 17-Kontrollautoritéit net de Fichier central vun der Police viséiert huet, mä de Journal des Incidents. An engems gouf drop verwisen, dass de Journal des Incidents zanter dem 1. Abrëll 2019 duerch en neie System ELS ersat gouf.

– Kënnen d’Ministeren confirméieren, dass den ELS mëttlerweil konform ass mat de Recommandatiounen vun der deemoleger Art-17-Kontrollinstanz?

– Wann net, firwat ass dat nach net de Fall?

7. An der Äntwert vum 10. Juli 2019 op eis Fro n°816 heescht et dann wat d’Späicherung vun Informatiounen zu de Mannerjäregen (Jugendschutz) betrëfft:

„D’Recommandatioune vun der Kontrollautoritéit gemäß Artikel 17 hu sech net op den Fichier central bezunn ma op den “Journal des incidents (JDI)”, deen den 1. Abrëll 2019 duerch en neien Système, den “Einsatzieitsystem” (ELS), ersat gouf. Am JDI/ELS goufen ni sou Procès-verbauxen a Rapporte gespäichert.“

– Wéi erkläert sech de Minister dës widderspréchlech Aussoen ?

– Op der enger Säit betreffen d’Recommandatiounen de Journal des Incidents / ELS, op der anerer Säit goufen ni sou Rapporten oder PVen am JDI /ELS gepäichert: huet d’Art-17-Kontrollautoritéit sech éiere geiert?

8. Méi generell stellt sech d’Fro wéini op Policeantécédentën kann zréckgegraff ginn. De Minister fir bannenzeg Sécherheet huet am Plenum vun 8 Situatiounen geschwat.

– Kann de Minister eis déi 8 Situatiounen oplëschten?

– Ass déi Lëscht exhaustiv?

9. Wat d’Zouloossen zu de Feierlechkeeten fir Nationalfeierdag ugeet, gouf et keng Äntwerten am Plenum. Och déi deementspriechend parlamentaresch Fro bleift bis haut onbeäntwert. Et stellen sech awer am deem Kontext nach zousätzlech Froen, déi sech aus dem Reportage op RTL, erginn:

– Gëtt hei e systemateschen Screening duerchgefouert oder gi just eng Rei Leit gescreent ? No wéi enge Kritären gëtt entscheed wien engem Screening ënnerzu gëtt oder net?

– Gëtt de Screening just fir Nationalfeierdag oder och nach aner Manifestatiounen duerchgefouert? Wéi eng sinn dat?

– Wat ass déi legal Basis vun deene Screeningen?

– Wie mécht dee Screening just d’Police oder och aner Servicer (Geheimdéngscht etc.) ? Wéi eng Daten gi fir sou ee Screening consultéiert (just de Fichier central vun der Police)?

– Wéi eng Informatiounen ginn an deene Fäll weidergeleet (just d’Info, dass d’Interrogatioun an der Datebank„positiv“ verlaf ass, en Avis sommaire oder awer en Avis détaillé)?

– U wie ginn dës Informatiounen weidergeleet? Just un de Service vum Protokoll vum Ausseministère?

– Sinn an deene Fäll Recourse virgesinn ? Wéi eng sinn dat? Kann een dës Recoursméiglechkeeten als „effektiv“ bezeechnen?

– Wéi bewäert d’Regierung den Ëmstand, dass an enger Äntwert op e Bréif vun där Persoun, déi am RTL-Reportage ze gesi war, de Policegeneraldirekter den 19. Dezember 2018 (also 4 Méint nom Akraafttrieden vun de jeeweilegen Dateschutzgesetzer) Folgendes schreift:

« Effectivement, bien que le règlement grand-ducal du 2 octobre 1992 relatif à la création et à l’exploitation d’une banques de données nominatives de police générale ait perdu sa  base légale avec l’entrée en vigueur de la loi du 1er août 2018 relative à la protection des personnes physiques à l’égard du traitement des données à caractère personnel en matière pénale ainsi qu’en matière de sécurité nationale, la Police applique toujours les règles relatives aux délais de conservation en attente de nouvelles règles à fixer d’après les nouvelles dispositions. » ?

10. Eis Fro n°842 betreffend d’Reklamatiounsrecht bäi der CNPD bleift och bis dato nach ëmmer ouni Äntwert…

 

Här President, ech bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Laurent Mosar

Deputéierten

 

Gilles Roth
Deputéierten

Zréck