Gedenkt d’Regierung eventuell drun fir d’Spekulatiounsfrist vun 2 Joer tëscht Kaf a Verkaf vun Immobiliëobjeten ze verkierzen oder ofzeschafen esou wei se am Artikel 99bis LIR virgesinn ass? Vu wei enge steierleche Moossname kann een an dësem Kontext profitéieren?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Wunnengsbauminister an den Här Finanzminister weider ze leeden.

 

D’Präisser um Immobiliëmaart si laut Statec am 4. Trimester 2020 par Rapport zum 4. Trimester 2019 an em 16,7% d’Luucht. D’Spekulatioun um Grond a Buedem geet ëmmer weider an dreift d’Präisser a schwindelerreegend Héichten. Demande ass zanter Jore méi grouss wéi d’Offer. Och déi administrativ Hürden droe sécherlech hiren Deel zu dëser Hausse bäi. Si ginn net ofgebaut au contraire et kommen ëmmer nei Hürde bäi. D’Regierung huet et an de vergaangene Joer verpasst déi richteg Akzenter géint d’Buedemspekulatioun ze setze respektiv fir zousätzlecht Bauland z’erschléissen.

 

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un den Här Wunnengsbauminister an un den Här Finanzminister stellen.

 

  • Op wei vill estiméiert Regierung de reelle Käschtepunkt (bezuchsfärdeg an ouni Terrainspräis) pro m2 Wunnfläch fir en duerchschnëttlechen Neibau op engem erschlossenen a flaachen Terrain’en – also engem Terrain ouni Extrakäschten duerch Geologie oder Héichwaassergefor?
  • Op wei vill estiméiert Regierung d’Erschléissungskäschte vum Terrain (Lotissementspläng, Uschlëss, Infrastruktur, Stroossebau, etc) pro Ar fir een neit Lotissement?
  • Bei wat fir engem Ratio a Bezuch op d‘Baukäschten an d‘Terrainskäschte sollt den Uschafungspräis vun enger Wunneng an engem Appartementshaus (Neibau an Albau) leien?
  • Ass et gesond fir den Immobiliëmaart wann den Terrainspräis exponentiell iwwert dem Präis vun de Baukäschte vum Gesamtverkafspräis pro m2 Wunnfläch léit?
  • Gedenkt den zoustännege Minister e Referenzwäert jee no Regioun fir de Grond a Buedem anzeféieren?
  • Gedenkt den zoustännege Minister eng Spekulatiounssteier par Rapport zum Eenheetswäert op dem applizéierte Verkafspräis pro m2 Wunnfläch vum Grond a Buedem anzeféieren?
  • Gedenkt den zoustännege Minister e Gesetz op den Instanzewee ze bréngen andeems een transparente Fichier erstallt gëtt wou all notariell beglaubegt Immobilientransaktioun jee no Kadasterparzell oder jee no Cadastre vertical online consultéiert ka ginn?
  • Gedenkt den zoustännege Minister eventuell drun fir d’Spekulatiounsfrist vun 2 Joer tëscht Kaf a Verkaf vun Immobiliëobjeten ze verkierzen oder ofzeschafen esou wei se am Artikel 99bis LIR virgesinn ass? Vu wei enge steierleche Moossname kann een an dësem Kontext profitéieren?

 

Här President mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Lies                                                            Jean-Paul Schaaf

 

Deputéiert

Zréck