Gedenkt d’Regierung an Zukunft d’Primme fir d’Elektromobilitéit och op esou Hëllefsmëttel fir Rollstill ze erweideren?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu Subside fir d’Elektromobilitéit un d’Ministesch fir Ëmwelt an d’Ministesch fir Gesondheet weider ze leeden.

Zanter puer Joer ginn et Primme fir esou d’Elektromobilitéit zu Lëtzebuerg ze fërderen. Sou kritt een zum Beispill eng Primm vu bis zu 1000€ fir en 100% elektresch bedriwwene liichten Auto oder Motorrad. Doniewent gëtt et awer och eng Primm vu bis zu 600€ fir en (elektresche bedriwwene) Vëlo. Hautdesdaags ginn et awer och Rollstill, déi mat engem klengen elektreschen Zousazmotor funktionéieren, entweder als reng Traktiounshëllef, oder ënner der Form vun engem sougenannten Handbike mat Elektroënnerstëtzung. Dës zousätzlech Hëllefen erlaben et dem Benotzer sech vill méi einfach kënne virun ze beweegen, méi grouss Strecken zeréckzeleeën, Montéeën ze iwwerwannen, … Am Fall vum Handbike mat Elektroënnerstëtzung,  erlaben si och nach de Benotzer sech sportlech ze betätegen, genee wéi dat bei engem “cycle à assistance électrique” ass. Dës Hëllefsmëttel kënnen domadder e grousse Gewënn un Liewensqualitéit fir hier Benotzer duerstellen an hëllefen och d’Mobilitéit nohalteg méi propper ze maachen.

Eisen Informatiounen no sinn esou Hëllefsmëttel allerdéngs vun de Primmen zur Elektromobilitéit ausgeschloss

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Deelt d’Regierung eis Meenung, dass esou Hëllefsmëttel och een Deel vun der Elektromobilitéit sinn?
  • Gedenkt d’Regierung an Zukunft d’Primme fir d’Elektromobilitéit och op esou Hëllefsmëttel fir Rollstill ze erweideren?

 Här President mir bieden Iech onse déifste Respekt unzehuelen.

              

Martine Hansen       Françoise Hetto-Gaasch

Deputéierten            Deputéierten

Zréck