Gedenkt d’Ministesch als Mediateur ze agéiere fir dass eise kulturellen an natierleche Patrimoine besser kënne koexistéieren? Wann jo wéi?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zur Notzung vu Waassermillen un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

Aus engem rezenten Artikel aus dem Luxemburger Wort „Mühen mit der Mühle“ geet ervir, dass d’Besëtzer vun der denkmalgeschützte Waassermille vu Syr dës wëlle restauréieren an esou d’Funktiounsweis den zukünftege Generatiounen ze demonstréieren an dermadder e Stéck Lëtzebuerger Kultur ze erhalen. Laut dem Artikel ginn hinnen awer vun der Säit vum Waasserwirtschaftsamt an och dem Ëmweltministère Steng an de Wee geluecht.

Seid dem 15 Joerhonnert gëtt dës historesch Waassermille mat Hëllef vun der Bëtlerbaach ugedriwwen. 2016 huet d’Waasserwirtschaftsamt festgehalen, dass d’Mille vu Sir e Querbauwierk duerstellt an domadder en Hindernis fir d’Wanderung vun den d’Fësch an der Bëtlerbaach duerstellt. Fir de Problem ze léisen hunn d’Besëtzer vun der Millen eng Fëschtraap bei der Mille virgeschloen. Esou kënnt engersäits de geschützte Waasserzoufloss erhale an och di historesch Waasserinstallatioune bedriwwe ginn, an anerersäits d’Wanderung vun de Fësch erméiglecht ginn. Deemno kéint an dësem Fall eng Fëschtraap e gudde Kompromëss duerstelle fir esouwuel dem kulturellen ewéi och dem natierleche Patrimoine Rechnung ze droen. Obwuel esou eng Fëschtraap am aktuelle Plan de Gestion vum Waasserwirtschaftsamt virgesinn ass, vertrëtt des Administratioun elo de Standpunkt, dass des Fëschtraap net geneemegungsfäeg wier, a berifft sech dobäi op e Waasserlaf deen et net gëtt.

Des Weidere gëtt d’EU d’Waasserrahmenrichtlinn de jeeweilegen nationale Staaten d‘Meiglechkeet gëtt, fir Bauwierker mat besonnesch kultureller Bedeitung, Ausname wéi zum Beispill bei der biologescher Duerchgängegkeet kënnen ze ginn. Hei wéilt ech op eng Äntwert vun der europäescher Kommissioun zu enger parlamentarescher Ufro aus dem Europaparlament hiweisen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Wisou gëtt de Stellewäert vun der Natur iwwert de kulturelle Patrimoine gestallt?
  2. Gedenkt d’Ministesch als Mediateur ze agéiere fir dass eise kulturellen an natierleche Patrimoine besser kënne koexistéieren? Wann jo wéi?
  3. An dem uewe beschriwwene Fall kéint d’Fëschtraap eng gutt Léisung duerstellen. Di gesamt Regierung huet 2007 d’Millen an 2020 de Millegruef als nationaalt Denkmal ënner Protektioun gestallt. Den aktuell gültege Plan de Gestion vun der Waasserverwaltung gesäit d’Erhale vun dësem Patrimoine vir; och den historesche Verlaf vun der Bëtlerbaach gëtt doran respektéiert. Leider ass an der Propositioun fir den zukünftege Plan de Gestion vun der Waasserverwaltung dësem nationale Patrimoine net méi Rechnung gedroe ginn, esou dass den historesche Millengruef zerstéiert gëtt. Wat sinn d’Grënn fir des Ännerungen am Moossnamenprogramm? Aus wéi engen Ursaachen ass de Waasserlaf vun der Bëtlerbaach op der offizieller Waasserkaart geännert ginn?
  4. D’Waasserschutzgesetz vun 2008 huet 2012 di bestoend Autorisatiounen auslafe gelooss. Richteg ass awer och, dass di historesch Waassernotzungsrechter (droit d’eau fondé en titre) net duerch d‘Waasserschutzgesetzt vun 2008 ofgeschaaft goufen. Des Waassernotzungsrechter sinn ëmmer nach gülteg. Firwat respektéiert d’Waasserverwaltung des Waassernotzungsrechter vun den historesche Millen net? Aus wéi enge Grënn fuerdert d’Waasserwirtschaftsamt am uewe genannte Fall eng Demande d‘Autorisatioun fir eng Prise d’eau déi elo schonn iwwer 500 Joer existéiert?
  5. Gedenkt d’Ministesch de Millebesëtzer zu Lëtzebuerg an Zukunft ze hëllefe fir hir Waassermillen ze restauréieren an ze bedreiwen an domadder de Lëtzebuerger Patrimoine ze erhalen? Wann jo, wéi eng Hëllefe wieren dat.
  6. Aus Sicht vum Waasserreseau befënnt sech di historesch Mille vu Sir hannert der Staumauer vun Esch-Sauer. Dass de Saumon enges Daags bis erop an d’Bëtlerbaach geschwomme kennt ass domadder relativ onprobabel. D’Waasserrahmenrichtlinie iwwerléisst den nationale Staaten d‘Meiglechkeet fir Bauwierker vu besonnesch kultureller Bedeitung Ausnamen ze erlaben. Zu Lëtzebuerg gëtt dëst iwwer en entspriechende RGD vun 2016 gereegelt. Goufen hei zu Lëtzebuerg schonns Derogatioune fir Bauwierker vu besonnescher kultureller Bedeitung ugewannt? Wann jo, wéi oft a wou?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéierten

 

Zréck