Gedenkt den Här Minister op d’Fuerderung vun der Bauerenallianz anzegoen an en “Agrarsommet” anzeberuffen? 

Här President,

Esou wéi et am Artikel 81 vum Chambersreglement virgesinn ass, géinge mir Iech biede folgend dréngend parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung weiderzeginn.

Bedéngt duerch déi extrem héich Temperaturen dëse Summer an déi duerch den Ukrain-Krich ausgeléisten Turbulenzen op den internationalen Agrarmäert, si vill Bauerebetriber hei am Land, wéi an Europa, mat Existenznéit konfrontéiert. Well d’Situatioun am Agrarsecteur immens ugespaant ass, an eng Léisung fonnt muss ginn, rifft d’Baueren-Allianz d’Regierung dozou op, am Hierscht en „Agrarsommet“ anzeberuffe fir schnellstméiglech Léisungen op déi aktuell Problemer ze fannen. D’Fuerderung no esou engem Agrarsommet konnt och vum President vun der Landwirtschaftskummer novollzu ginn, dee selwer nach eng Kéier betount, dass et immens wichteg wier, am Kader vun engem Agrargipfel iwwert déi aktuell Problemer an der Landwirtschaft ze schwätzen.

An dem Zesummenhang géinge mir gär folgend Froen un den Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung stellen:

– Gedenkt den Här Minister op d’Fuerderung vun der Bauerenallianz anzegoen an en “Agrarsommet” anzeberuffen?

–  Wa jo, wéini gedenkt den Här Minister e sougenannten „Agrarsommet“ anzeberuffen?

– Wann nee, mat wat fir enger Argumentatioun verzicht den Här Minister op en Agrargipfel?

– Wéini gedenkt den Här Minister eng Decisioun ze huelen, ob Betriber, déi vun der extremer Hëtzt an Dréchent getraff sinn an Aboussen hunn, gehollef gëtt?

– D’ Nohaltegkeet steet am Virdergrond vun der Agrarpolitik. Huet d’ Regierung wëlles d’ Nohaltegkeet vun importéierte Liewensmëttel, déi ganz dacks laang Transportweeër hannert sech hunn,  ze bewäerten?

– Wa jo, wéi?

– Wann nee, firwat net a wéi soll an deem Fall eng deloyal Konkurrenz verhënnert ginn?

Här President, mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Octavie Modert

Zréck