Hei fannt dir d’Äntwert op dës parlamentaresch Fro:
Réponse1677garantieachèvement
Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den un den Här Finanzminister weiderzeleeden.
Aus engem Artikel vum 11. Dezember vum Letzebuerger Journal, geet wéi schonn aus menger parlamentarescher Fro n°1472 ervir, dass de Mechanismus vun der Garantie d’achèvement viru verschidden Defisë gestallt ass. Sou gëtt am Artikel nach eng Kéier präziséiert, dass dës Garantien a villen Fäll vun Assurancengesellschaften ausgestallt ginn, dëst obschonns d’Banken awer offiziell de Monopol hunn, wouduerch eng gewësse Grozon entsteet.
A Realitéit sinn d’Keefer awer oft den Defaillancë vun dem Mechanismus ausgesat, sou dass d’Garantie d’achèvement net ausbezuelt gëtt well d’Critèren net erfëllt sinn. Sou follegen deemno Geriichtsaffairen, déi net nëmme vill Zäit an Usproch huele mais och nach deier kënne ginn.
Well d’Äntwerten op meng parlamentaresch Fro n°1472 vum 6. November vun dësem Joer net ganz schlessesch waren an nach ëmmer Ongewëssheet besteet, wollt ech den Här Finanzminister bieden nach emol op follgend Froen anzegoen:
- Wéi kënnt et, dass esou vill Assurancen eng Garantie d’achèvement ginn obschonn d’Banken de Monopol hunn?
- Wouranner besteet déi Grozone déi aus den Artikelen vum 29. Oktober an 11. Dezember 2024 ervrigeet?
- Wéi kann et sinn, dass d’Banke Garanties d’achèvement vun net-lëtzebuergeschen Assurancengesellschaften akzeptéieren, wuel wëssend dass d’Banken de Monopol sollen hunn?
- Wéi kann de Keefer bescht méiglech iwwert dës Dispositiounen opgekläert ginn? Sinn Informatiounscampagnë geplangt?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Diane Adehm
Députéiert
Zréck