Firwat verschéckt de Ministère de la Santé net automatesch eng Ordonnance fir e gratis PCR-Test, wann d’Eltere vun engem Kand mat Symptomer a positivem Schnelltest de „Contact Tracing“ kontaktéiert hunn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister an un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

D’Grondschoul ass eréischt e puer Deeg amgaang, a scho sëtze Kanner a Quarantaine. Well se Covid-19-Symptomer hunn, oder well se mat positiv geteste Kanner a Kontakt waren.

Well et de „Large Scale Testing“ zanter dem 15. September net méi gëtt, musse Kanner mat Covid-19-Symptomer fir d’éischt eng Télé-Consultatioun mat engem Dokter maachen, fir uschléissend e Rendez-vous fir e gratis PCR-Test kënnen unzefroen. Den Zäitopwand geet doduerch erop.

Virun dësem Hannergrond wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsminister an un den Här Educatiounsminister stellen :

  • Wéi vill Kanner sinn zanter dem 15. September an der Grondschoul a Quarantaine gesat ginn?
  • Kann den Här Educatiounsminister en Tableau mat detailléierten Zuelen zu de „Mises en quarantaine“ zanter dem Grondschoulufank virleeën, opgeschlësselt no Regionaldirektiounen a Gemengen, an ënnerdeelt a „positiv op Covid-19 getest“ respektiv „mat engem positiv geteste Kand a Kontakt gewiescht“?
  • Kann d’Madamm Gesondheetsminister confirméieren, dass d’Covid-19-Hotline zanter dem Schoulufank am Fondamental iwwerlaascht ass?
  • Wa jo, wéi eng Mesuren gedenkt d’Madamm Gesondheetsminister en Place ze setzen, fir ze verhënneren, dass den Tracing retardéiert gëtt?
  • Wéi stinn d’Madamm Gesondheetsminister an den Här Educatiounsminister zum Zäitverloscht, dee sech aus der Noutwendegkeet ergëtt, en Dokter ze consultéieren, fir eng Ordonnance fir e gratis PCR-Test fir e Kand ënner zwielef  Joer ze kréien?
  • Firwat verschéckt de Ministère de la Santé net automatesch eng Ordonnance fir e gratis PCR-Test, wann d’Eltere vun engem Kand mat Symptomer a positivem Schnelltest de „Contact Tracing“ kontaktéiert hunn?
  • Wéi wëll den Här Educatiounsminister de Wëssensréckstand opfänken, dee bei deene Kanner entsteet, déi a Quarantaine gesat ginn?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck