Firwat sinn zu Lëtzebuerg Päss just 5 Joer valabel?

 

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch iwwert den Lëtzebuerger Pass un den Här Aussen- an Europaminister weider ze leeden.

De Lëtzebuerger Pass huet ab dem Alter vun 4 Joer eng Gültegkeet vun 5 Joer. An villen anere europäeschen Länner ass den Pass bis zu 10 Joer valabel. An Däitschland ass de Pass fir Persounen ab 24 Joer 10 Joer valabel, ënner 24 Joer 6 Joer. A Frankräich ass de Pass bis 18 Joer 5 Joer laang gülteg, iwwer 18 Joer 10 Joer. An der Belsch ass de Pass 5 Joer gülteg fir Mineuren an 7 Joer fir Erwuessener.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Firwat sinn zu Lëtzebuerg Päss just 5 Joer valabel?
  • Gett zu Lëtzebuerg dru geduecht Validitéitszäit vun de Päss no uewen ze adaptéieren
  • Wat sinn Grënn dofir respektiv fir géint eng méi laang Gültegkeet vun de Päss ?

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Nancy Arendt

Deputéiert

Zréck