Firwat schéckt de Staat Fonctionnairen eng Héichschoulausbildung maachen, déi net vum Héichschoulministère unerkannt gëtt?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Héichschoulminister, de Minister fir Mobilitéit an un de Minister fir den ëffentlechen Déngscht weiderzeleeden.

Eisen Informatiounen no gëtt den Diplom, deen d‘Prévisionnisten vun der MétéoLux op der Ecole Nationale de la Météorologie zu Toulouse a Frankräich maachen, net vum Héichschoulministère unerkannt. Allerdéngs schéckt d‘Direction de l’Aviation civile, déi fir MétéoLux zoustänneg ass, hir Mataarbechter op déi Schoul.

An deem Kontext wollt ech folgend Froen un den Här Héichschoulminister, den Här Minister fir Mobilitéit an un den Här Minister fir den ëffentlechen Déngscht weiderzeleeden:

  • Firwat schéckt de Staat Fonctionnairen eng Héichschoulausbildung maachen, déi net vum Héichschoulministère unerkannt gëtt?
  • Ass d‘Regierung sech dëser Problematik bewosst?
  • Wat wëllt d’Regierung maachen, fir de Problem ze léisen?
  • Wéi eng Méiglechkeete bestinn an deem Fall, fir de Fonctionnairen des zousätzlech Ausbildung ze remuneréieren?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck