Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir sozial Sécherheet weider ze leeden.
Leit déi mat Inkontinenz geplot sinn, sinn op speziell Wëndelen ugewisen. Am Kader vun der Fleegeversécherung gëtt et fir Persoune mat enger konstatéierter Fleegebedierftegkeet e „Forfait pour matériel d’incontinence“ vun 116,62 Euro wann se doheem gefleegt ginn. Wa si an enger Struktur liewen, ginn d’Wëndelen iwwer d’Geldleeschtungen déi d’Fleegeversécherung un d’Etablissementer bezilt, mat iwwerholl.
Eisen Informatiounen no, kënne Leit mat Inkontinenz déi awer net fleegebedierfteg sinn, net vum Forfait pour matériel d’incontinence“ profitéieren a mussen d’Fraise fir d’Wëndele selwer iwwerhuelen.
An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un den Här Minister fir sozial Sécherheet stellen:
- Kann den Här Minister déi Informatioune confirméieren?
- Wa jo, wat sinn d’Grënn dofir?
- Deelt de Minister d’Meenung datt et sënnvoll wier dës Fraise fir déi betraffe Leit ze iwwerhuelen?
Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.
Marc Spautz Jean-Marie Halsdorf
Deputéierten Deputéierten
Zréck