Firwat kann ee just op Rendezvous zu Ettelbréck an d’Maison médicale goen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Wärend d’Maisons médicales an der Stad an zu Esch ouni Rendezvous funktionéieren, muss een sech an der Maison médicale zu Ettelbréck laut dem Portail santé.lu umellen an e Rendezvous huelen. Dobäi ass grad des Maison médicale besonnesch wichteg, well se fir d’Leit aus dem ganzen Norden zoustänneg ass. An deem Kontext wollte mir folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

  • Firwat kann ee just op Rendezvous zu Ettelbréck an d’Maison médicale goen?
  • Ass d’Madamm Ministesch bereet, dat ze änneren?
    • Wa jo, wéini?
    • Wann nee, firwat net?
  • Ginn Leit, déi ouni Rendezvous kommen, nees fortgeschéckt?
    • Wa jo, besteet dann net de Risiko, datt si sech un d‘Polyklinik vum Centre Hospitalier du Nord wenden an datt doduerch d’Urgence am Spidol iwwerlaascht gëtt?
  • Ass virgesinn, datt, wéi Maisons médicales an der Stad an zu Esch, och d’Maison médicale zu Ettelbréck relogéiert gëtt?
    • Wa jo, wéini?
    • Wa nee, firwat net?

 

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen      Jean-Paul Schaaf

Deputéiert             Deputéierten

Zréck