Firwat hunn d’ Crèches non-conventionnées, déi en Educateur/ Educatrice iwwergangsweis astellen wéinst der aktueller Covid-19 Situatioun, keng prise en charge des frais supplémentaires zegutt ?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech folgend parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

 

Eisen Informatiounen no hunn d’ Crèches non-conventionnées, déi en Educateur/ Educatrice iwwergangsweis astellen wéinst der aktueller Covid-19 Situatioun, keng prise en charge des frais supplémentaires zegutt. Dëst fält laut Aussoe vum Ministère ënnert d’ Gestioun vum Träger. Am Fall wou een vum Personal a Quarantän ass, iwwerhëlt d’ CNS allerdéngs d`Käschten.

Virum Hannergrond vun der aktueller Kris a wëssend datt et aktuell immens schwéier ass Personal an de Betreiungsstrukturen ze fannen, well ech folgend Froe stellen:

  • Kann de Minister eis dëst confirméieren?
  • Kann de Minister eis soen, firwat dëst mat de privaten Träger esou gehandhaabt gëtt?

 

Mat déifstem Respekt,

 

Françoise Hetto-Gaasch

Deputéiert

Zréck