Firwat gëtt d’Regierung eng eegen Etude an Optrag a waart net, bis déi fir Juli ugekënnegt Resultater vun der grousser Etude vun der Europäeschen Agence  fir Liewensmëttelsécherheet (EFSA) publizéiert ginn, an der d’Risike vum Glyphosat fir d’Mënschen, d’Déieren a fir d’Ëmwelt ënnersicht ginn?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

Nom Arrêt vun der Cour administrative vum 30. Mäerz huet d‘Regierung de Verbuet vum Planzeschutzmëttel Glyphosat missen ophiewen. Gläichzäiteg huet den Här Landwirtschaftsminister en Appell un d’Baueren, Wënzer a Gäertner gemaach, fir fräiwëlleg op den Asaz vum Glyphosat ze verzichten. Ausserdeem ass eng Etude ugekënnegt ginn, un Hand vun der den Asaz vu Glyphosat nees kéint verbuede ginn, an dat obwuel et schonn eng ganz Rei vun Etuden zum Glyphosat gëtt an d’Europäesch Agence fir Liewensmëttelsécherheet deemnächst hier Conclusioune wäert publizéieren.  Am Kader vun der Lëtzebuergescher Etude ass eng Zesummenaarbecht mat engem „partenaire de recherche“ annoncéiert ginn. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister stellen:

  • Wat fir Krittäre solle genee laut Cahier de charge an der Etude ënnersicht ginn?
  • Wat fir zousätzlech Erkenntnisser erwaart sech d’Regierung vun dëser Etude?
  • Wien wäert d’Etude duerchféieren?
  • Ass den Optrag offiziell ausgeschriwwe ginn?
  • Wat ass de Käschtepunkt vun der Etude?
  • Bis wéini sollen d’Resultater virleien?
  • Firwat gëtt d’Regierung eng eegen Etude an Optrag a waart net, bis déi fir Juli ugekënnegt Resultater vun der grousser Etude vun der Europäeschen Agence  fir Liewensmëttelsécherheet (EFSA) publizéiert ginn, an der d’Risike vum Glyphosat fir d’Mënschen, d’Déieren a fir d’Ëmwelt ënnersicht ginn?

Här President, ech  bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen, Deputéiert

 

 

Zréck