Firwat gesäit de Landwirtschaftsminister keng direkt Bäihëllefen fir pedagogesch Bauerebetriber vir? Wéini an ënnert wéi engen Konditiounen kënnen d’pedagogesch Bauerebetriber erëm mat hiren Aktivitéiten ufänken?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu Bäihëllefen fir pedagogesch Bauerebetriber un den Här Landwirtschaftsminister weider ze leeden.

Fir d’Rentabilitéit vun den Bauerebetriber och an Zukunft sécherzestellen ass et wichteg dass si hir Aktivitéiten diversifizéieren. Dofir versichen ëmmer méi Baueren sech en zweet Standbeen niewent der klassescher Feld- an Véibewirtschaftung opzebauen. Genausou wichteg ass et datt eis Kanner d‘Landwirtschaft kënnen praktesch erliewen. Sou verstinn se wéi d’Iessen op den Teller kennt an wéi eng Roll den Bauer an der lokaler Liewensmëttelversuergung an Produktioun huet.

Och op Lëtzebuerg trefft dat zou an eng Rei Betriber hunn oder sinn dobäi sech als pedagogeschen Bauerebetrib een neit Standbeen opzebauen.

Zenter dem Ufank vun der Corona-Krise kënnen des Betriber, awer och Betriber wou zum Beispill Reittherapien ugebueden, keng Kanner méi empfänken. Trotzdeem kréien si eisen Informatiounen keng direkt Bäihëllefen.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Ass et richteg dass pedagogesch Bauerebetriber bis kierzlech keng Bäihëllefen krut hunn?
  2. Sënn och bei den nei annoncéierten Stabilitéitsmesuren keng Bäihëllefen fir des Betriber virgesinn?
  3. Falls nee, firwat gesäit de Landwirtschaftsminister keng direkt Bäihëllefen fir des Betriber vir?
  4. Wéi well de Landwirtschaftsminister des Betriber ënnerstëtzen.
  5. Wéini an ënnert wéi engen Konditiounen kënnen d’pedagogesch Bauerebetriber erëm mat hiren Aktivitéiten ufänken?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                                                      Octavie Modert

Deputéierten                                                                           Deputéierten

Zréck