Firwat ass Lëtzebuerg kee Member vum IPCAN?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

 

Den Independent Police Complaints Authorities’ Network (IPCAN) ass een informellen internationale Reseau, deen d‘Echangen an d’Kooperatioun tëscht externen onofhängegen nationalen Autoritéiten, déi d‘Police an engem Land kontrolléieren, vereinfacht. Et handelt sech heibäi em een Netz vu Länner, déi hier Kontrollautoritéite vun der Police op internationalem Plang a Saache Mënscherechter a Beruffsethik matenee vergläichen, a sech iwwer „best practices“ austauschen. Zu Lëtzebuerg ass d‘Inspection générale de la Police (IPG) zoustänneg fir de Contrôle vun der Police. Eis Nopeschlänner, d’Belsch a Frankräich sinn och Deel vum IPCAN, deen a reegelméissegen Ofstänn vergläichend Etudë publizéiert, Lëtzebuerg awer net.

 

An deem Kontext géif ech dem Här Minister fir bannenzeg Sécherheet gär folgend Froe stellen:

 

  • Firwat ass Lëtzebuerg kee Member vum IPCAN?
    • Gedenkt d’Regierung dat ze änneren? Wa jo, wéini?
  • Wéi eng Virdeeler gesäit d’Regierung an engem internationale Verglach vun eiser Inspection générale de la Police (IPG)?
    • A wéi eng Nodeeler kéint dat mat sech bréngen?

 

Här President, ech bieden Iech dës Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.

Emile Eicher

Deputéierten

Zréck