Firwat ass de Montant op der Stroumrechnung no der Upassung vun der TVA nach ëmmer dee selwechten ?

Esou wei den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës urgent parlamentaresch Fro un den Här Energieminister weider ze leeden.
Am Kader vum “Solidaritéitspak 2.0” huet Regierung decidéiert den normalen, mëttleren a reduzéierten TVA-Taux em jeeweils ee Prozentpunkt erofzesetzen. Dës Ännerunge sinn den 1. Januar 2023 a Kraaft getrueden a gëlle bis den 31. Dezember 2023. Esou gëllen haut den normalen TVA-Taux vu 16%, de mëttleren Taux vu 13% an de reduzéierten Taux vu 7%.
Den néie reduzéierten Taux vu 7% gëtt ënnert anerem och op de Stroumrechnungen applizéiert. Laut eisen Informatioun huet de gréisste lëtzebuerger Stroumfournisseur dës Baisse vun der TVA um Niveau vun de Akkonten net u seng Clientë weiderginn, am Géigendeel, d’Akkonten sinn HTVA an deem Moss no uewen ugepasst ginn, dass de Client TTC déi selwecht Zomm muss iwwerweise wéi virun der Ofsenkung vum reduzéierten TVA-Taux em ee Prozentpunkt.
An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un den Här Energieminister stellen.
Kann den Här Minister dës Informatioun bestätegen?
Denkt den Här Minister driwwer no beim Stroumfournisseur ze intervenéiere fir dass d’Ofsenke vun der TVA och wierklech beim Client ukënnt?
Här President, mir bieden Iech eise déifste Respekt unzehuelen.

Max Hengel Paul Galles

Deputéiert

Zréck