Fir wat bleift et bei der Ausbezuelung vun de Primme fir d’AUKM beim Termin vum Februar, obwuel d’Anträg ee Mount méi fréi hu missen op elektroneschem Wee agereecht ginn?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

Zanter 2022 mussen d’Anträg fir déi nei Agrar-Ëmwelt-Klimamoosnamen (AUKM), inklusiv der Landschaftspflegeprimm, bis spéitstens den 31. Oktober via MyGuichet.lu agereecht ginn. Obwuel den Termin ëm ee Mount virgezu gouf, sollen d’Primmen eréischt, wéi bis elo, laut dem Kalenner um Landwirtschaftsportal am Februar ausbezuelt ginn. Derbäi kënnt nach, datt d’Saisie vun den Donnéeën entfält, well d’Anträg ausschliisslech op elektroneschem Wee kënne gemaach ginn. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister stellen:

  • Fir wat bleift et bei der Ausbezuelung vun de Primme fir d’AUKM beim Termin vum Februar, obwuel d’Anträg ee Mount méi fréi hu missen op elektroneschem Wee agereecht ginn?
    • Wäerten d’Primmen an Zukunft éischter ausbezuelt ginn?
  • Wéi gesäit et mat den Delaien aus, wann no an no, och all aner Primmen op elektroneschem Wee mussen agereecht ginn?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck