Finanziell Ënnerstëtzung vu Filmproduktiounen durech de Lëtzebuerger Filmfong

Réponse à la question N° 3243 (Question écrite) de Monsieur Félix Eischen, Député concernant Fonds national de soutien à la production audiovisuelle, par Monsieur Xavier Bettel, Ministre des Communications et des Médias: QP 3243

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, géif ech Iech bieden folgend parlamentaresch Fro un den Här Kommunikatiouns- a Medieminister weiderzeleeden.

An engem Artikel vum „Lëtzebuerger Land“ vum 11. 8 war ze liesen, dass de  Lëtzebuerger Filmfong an 8 Sëtzungen 105 Demanden fir finanziell Ënnerstëtzung  zréckbehalen huet.

Tëscht Januar 2016 an August 2017 goufen esou ronn 51 Milliounen Euro an Filmproduktiounen investéiert. Dëst stellt vergläichsweis bal d’Halschent vum Budget vum Kulturministère fir d’Joer 2016 duer.

An deem Kontext géif ech dem Här Minister folgend Froe stellen:

  • Kann de Minister mir soen a wéi eng Produktiounen déi 51 Milliounen Euro gefloss sinn, respektiv fir wéi eng Ausgaben dës Suen am Detail vun de Produktiounsfirmaen gebraucht goufen?
  • Kann de Minister eis eng Opstellung ginn, wéi héich déi finanziell Ënnerstëtzung pro Produktioun ausgefall ass, an och a wéi engem Verhältnis dës Ënnerstëtzung zu den exposéierte Käschten vun der jeeweileger Produktioun stoungen?
  • Kritt de Minister de Boxoffice mat den Spectateurszuelen vun de respektive Produktiounen matgedeelt ? Wann net, mengt de Minister net awer dass et wichteg wier der Chamber dës Zuelen matzedeelen?
  • Kann de Minister eis prezis soen, wifill Leit den Ament an der Lëtzebuerger Filmindustrie schaffen?
  • Ass de Minister bereet iwwert d’Ofschafe vum Punktesystem nozedenken, wéi vun de Produzenten gefrot, ee Punktesystem deen d’Zréckgräifen op Lëtzebuerger Professioneller, den Tournage zu Lëtzebuerg etc. virschreift? Huet de Minister wëlles d’Gesetz iwwer de Filmfong ofzeänneren? Wa jo, wou huet de Minister wëlles ze änneren?

Mat déifstem Respekt,

Félix Eischen
Deputéierten

Zréck