Hei fann Dir d’Äntwer op dës parlamentaresch Fro:
Här President,
Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Drénglechkeetsfro un d’Madamm Landwirtschaftsministesch weiderzeleeden.
Wéi verschidde spezialiséiert Medie mellen, ass am Nordweste vun Ungarn e Fall vu Maul- und Klauenseuche (MKS) op engem Rannerbetrib festgestallt ginn. D‘Weltorganisatioun fir Déieregesondheet (WOAH) huet den Ausbroch offiziell bestätegt. Schonn am Januar dëst Joer war e Fall vun MKS bei Büffelen an Däitschland opgetrueden. An deem Kontext wollt ech follgend Drénglechkeetsfroen un d’Madamm Landwirtschaftsministesch stellen:
Besteet e Lien tëschent dem MKS-Fall an Däitschland an dem rezente Fall an Ungarn?
Ass d’Origine vum Fall an Ungarn bekannt?
Wéi eng Mesure sinn an Ungarn ergraff ginn?
Sinn Déieren aus Ungarn op Lëtzebuerg importéiert ginn?
Setzt d’Regierung präventiv Moossnamen a Kraaft, fir de Véibestand hei zu Lëtzebuerg géint MKS ze schützen?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Jeff Boonen, Deputéierten
Zréck