Extrem Präis-Haussë bei den ëffentlechen Ausschreiwungen am Domaine vun der Ofwaasserrengegung

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link: QP 458

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un d’Madamm Minister fir Ëmwelt, Klima an Nohalteg Entwécklung weider ze leeden.

D’ Resultater vun de leschte Soumissiounen hu gewisen, dass et zu extreme Präis-Haussë bei den ëffentlechen Ausschreiwungen am Domaine vun der Ofwaasserrengegung komm ass, besonnesch an den Elektro-mechaneschen Ausrüstungsaarbechten. Dës Hausse léisst sech ënner anerem duerch eng Surchauffe vum Marché erklären, déi och doduerch bedéngt ass datt just e puer Firmen a Fro komme fir Kläranlagen ze bauen.  D’ Präisser, déi vun den Entrepreneuren eragereecht ginn, leie systematesch wäit iwwert den Devis estimatifs, déi sech hirersäits op reell Präisser vu virun dëser Surchauffe baséieren an oft esouguer dat duebelt vum geschate Montant erreechen.

D’ Subsiden si par Konter berechent op Basis vun den ale Präisser an op ee Forfait plafonnéiert an droen der aktueller Situatioun um Marché net Rechnung.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

1) Gesäit d‘Regierung eng Revisioun vum Plafong vun de Subside vir, fir sech der aktueller Konjunktur unzepassen ?

2) Gedenkt d’Regierung fir zousätzlech Aarbechten, déi net previsibel waren, an am Laf vun engem Projet ufalen, en zousätzlechen Engagement vun engem Subsiden ze engagéieren, fir d’ Käschte fir d’ Bierger an engem raisonnabele Mooss ze behalen ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Léon Gloden

Deputéierten

Zréck