Et wäerten 3 nei Mastergäng fir Enseignanten an der Grondschoul op der UNI.lu ugebuede ginn. Wéi vill Prozent vun den aktuelle brevetéierten Enseignanten an de Lëtzebuerger Grondschoulen erfëllen dës Zouloossungskrittären?

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Fuerschung an Héichschoul esou wéi un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

 

 

Den 8. Mee 2024 war op der Internetsäit vum Radio 100,7 een Artikel iwwert d’Offer vun 3 neie Mastergäng fir Enseignanten an der Grondschoul op der UNI.lu. Dëst sinn: Master en Sciences de l’éducation – 1) « Gestion et développement des écoles », 2) « Développement de l’enseignement » 3) « Éducation inclusive et accessibilité pédagogique ». An der genauer Beschreiwung vun dëse Masterstudiegäng op der Websäit vun der Uni Lëtzebuerg ass explizéiert, dass et sech em Masteren handelt déi fäerdeg Enseignantë kënne maachen, fir sech an engem Domaine ze spezialiséieren. Desweidere steet an den Zouloossungskrittären « être titulaire d’un Bachelor en sciences de l’éducation de 240 ECTS » oder « être titulaire d‘un diplôme d’études supérieures comparable de 240 ECTS préparant à la fonction d’instituteur ».

 

An deem Zesummenhang wëlle mir follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Fuerschung an Héichschoul an un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen:

 

  • Wéi vill Prozent vun den aktuelle brevetéierten Enseignanten an de Lëtzebuerger Grondschoulen erfëllen dës Zouloossungskrittären?
  • Déi Enseignanten déi hier Formatioun um fréieren ISERP respektiv am Ausland absolvéiert hunn, hunn am Reegelfall ee Bachelor vun 180 ECTS ofgeschloss. Sinn dës Persounen, déi a Lëtzebuerger Grondschoulen enseignéieren, net admissibel? Wat wëll « être titulaire d‘un diplôme d’études supérieures comparable de 240 ECTS préparant à la fonction d’instituteur » an deem Fall heeschen ?
  • Wa net, gëtt et hei eng Alternative respektiv eng eventuell Passerell oder mussen si dee selwechte Studiegang mat 120 ECTS am Ausland absolvéieren ?
  • Bleiwen d’Absolvente vun dësen neie Master-Studiegäng herno ob hiren affektéierte Posten, oder kréie si dono nei Aufgabe resp. nei Missiounen niewent, oder aplaz an der Grondschoul ze enseignéieren ?

 

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Max Hengel                                       Octavie Modert                                 Stéphanie Weydert

 

 

Deputéiert

Zréck