Et ass bestätegt ginn, dass et zu engem Daten-Leak an der Justiz koum. Wéini ass dësen Leak entdeckt ginn ? Huet jiddereen an der Justiz de selwechten Accès ob all Dokumenter esouwuel generell Dokumenter wéi och méi kriddeleg Donnéeën iwwert Leit a Betriber ? 

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch iwwert d’Verëffentlechung vun Donnéeën aus internen Dokumenter vun der Justiz, weiderzeleeden.

De Spriecher vun der Justiz huet de Moien ob der Antenne vu Radio Lëtzebuerg bestätegt, dass et zu engem Daten-Leak an der Justiz koum. Et géif sech hei ëm ëffentlech Dokumenter handele , mä och och ëm intern Noten an zum Deel  ëm sensibel Donnéeën iwwert Persounen a Betriber. De Parquet vu Lëtzebuerg an de Parquet général confirméieren dëse Leak an engem gemeinsame Communiqué.

No enger 1. Analyse géif et sech net ëm en Ugrëff vu baussen ob d’Servere vun der Justiz oder soss staatlech Serveren handelen, mä hei wiere wuel Dokumenter kopéiert ginn a matgeholl ginn. Di éischt Analyse giff weisen, dass de Leak vun engem an dem selwechte Service bzw vun engem an dem selwechten Aarbechtsposten ausgoe giff. Eng Enquête ass diligentéiert ginn.

Och wann esou eng Enquête leeft an Stellungname  ënnerbonne sollten gi fir den Ausgang vun der Enquête net ze beaflossen oder ze hënneren, ginn et awer eng Partie Froen déi sech am Kontext vum Leak stellen, déi urgent sinn an déi mir gären un d’Madamm Ministesch stelle wéilten:

  1. Wieni ass deen Leak entdeckt ginn ? Wieni ass de Justizministère dovunner a kenntnis gesat ginn ?
  2. Firwat ass d’Chamber net informéiert ginn ?
  3. Huet jiddereen an der Justiz de selwechten Accès ob all Dokumenter esouwuel generell Dokumenter wéi och méi kriddeleg Donnéeën iwwert Leit a Betriber ? Wa jo, wat ass de Grond fir esou ee generellen Accès ? Misst een net speziell an der Justiz kucken, den Accès ob bestëmmten Dokumenter ze limitéiere bzw nëmmen ob Accord erauszekréien ?
  1. Ass et « normal » dass Mataarbechter, och wann se duerchaus berechtegt si fir u bestëmmten Dokumenter ze kommen, dass si déi einfach esou sieft et ënnert Form vu Kopien oder engem USB-Stick kënnen eraushuele besonnesch wann et sech ëm eng riseg Quantitéit vu Donnéeën handelt ? Hei ass vun Donnéeë vun der Gréisst vun enger Gigabyte Rieds.

Wéi  ass et méiglech, dass esouvill Dokumenter konnten kopéiert ginn (op Pabeier oder USB-Stick) ouni dass een dovunner eppes matkrut ?

Ass awer do net eng Faille am System notamment bei der Gestioun vu de Fichiersë wéi och a virun allem bei der Kontroll vum Accès a Veraarbechtung vu Fichiersën ?

Wat sinn di nächst Schrëtt déi d’Madamm Ministesch gedenkt ze ënnerhuele fir esou Leaken a Zukunft ze ënnerbannen ? Wat gëtt kuerzfristeg ënnerholl fir sensibel Donnéeë vu Leit a Betriber besser ze schützen ?

  1. Kann d’Madamm Ministesch eis soen, wat fir ee Genre vu sensibel Donnéeën datt sinn, déi erauskoume virun allem déi déi sech op Leit a Betriber referéieren ?
  2. Sinn di Betriber an di Leit, déi vum Leak betraff sinn, vum Ministère kontaktéiert ginn ? Wäerten si kontaktéiere ginn ? Wa net firwat ?
  3. Kéint et hei zu enger Fuerderung ob Schuedenersatz säitens vun de betraffene Persoune kommen ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Laurent Mosar                                                                                       Gilles Roth

Députéiert                                                                                            Députéiert

Zréck