Kann den Här Minister eis Detailer ginn, wéi d’Bäihëllefen op den Energie- an d’Düngemëttelkäschten, déi den 20. Mee virgestallt goufen, solle konkret berechent ginn?

Här President,

 

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

 

Virum Hannergrond vun der Käschtenexplosioun bei de Betribsmëttel (Energie, Dünger a Fuddermëttelen) hat d’Regierung den 20. Mee eng Rei Moossname präsentéiert, fir d’Resilienz vun de Bauerebetriber ze stäerken. D’Bäihëllefen um sougenannte rouden Diesel sinn den 31. August 2022 ausgelaf. Den 20. Oktober huet de Landwirtschaftsminister recommandéiert, d’Motioun 3993 vun der CSV, an der mir eng Verlängerung vun de Kompensatiounsmesurën um Agrardiesel verlaangt haten, net matzestëmmen. Hien huet op déi am Solidaritéitspak virgestallte Mesure vun enger Entschiedegung fir zousätzlech Käschte bei de Betribsmëttel vu maximal 35.000 Euro pro Betrib verwisen an eng Verlängerung vun de Moossnamen esou wéi eng méiglech Erhéijung vum Montant an Aussicht gestallt. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister stellen.

 

  • Kann den Här Minister eis Detailer ginn, wéi des Bäihëllefen op den Energie- an d’Düngemëttelkäschten, déi den 20. Mee virgestallt goufen, solle konkret berechent ginn?
  • Wéi vill Prozent vun de Méikäschte gi vum Staat iwwerholl?
    • Op wat fir Produkter sinn Aide geplangt?
  • Goufen d’Bauere schonn iwwert des Bäihëllefen informéiert?
    • Wann nee, wéini soll dat geschéien?
  • Ab wéini kënnen des Aiden ugefrot ginn a wéini ginn se ausbezuelt?
  • Wéini fält Decisioun, op des Aiden och fir d’Joer 2023 verlängert ginn?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen, Deputéiert

 

Zréck