Envisagéiert Regierung déi bestoend Gemengengesetzgebung sou ëmzeänneren, dass an Zukunft alternativ Wunnforme wei Tiny Houses kenne realiséiert ginn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Wunnengsbauminister an un d‘Madamm Inneminister weider ze leeden.

D’Lag um Wunnengsmaart huet sech an de leschte Joren zougespëtzt an eng Entspanung ass kuerzfristeg net a Sicht. Een Deel vun der Léisung kennen déi sougenannten Tiny Houses sinn, eng alternativ Wunnform fir déi sech ëmmer méi Leit interesséieren. Laut mengen Informatioune verschléissen sech verschidde Gemengen net dëser neier Bauform a wieren och bereet op adaptéierte Fläche wei zb bestoend Campinger esou Projeten ze ënnerstëtzen. Leider ass déi aktuell Gemengengesetzgebung (PAG, PAP, Bautereglementer…) net un de Modell vun Tiny Houses ugepasst a verhënnert domadder souwuel d’Opstellen a Bewunne vu solche Wunnformen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un Regierung stellen:

  • Kann eng Zone REC-CA (Zones de sports et de loisirs) déi ausserhalb vum Perimeter an der Zone verte läit als HAB-1 Zone an iwwert e PAP-NQ als Zone spéciale fir Tiny Houses ëmklasséiert ginn?
  • Wann Nee wat schwätzt géint sou eng Ëmklasséierung?
  • Envisagéiert Regierung déi bestoend Gemengengesetzgebung sou ëmzeänneren, dass an Zukunft alternativ Wunnforme wei Tiny Houses kenne realiséiert ginn?
  • Wa Nee, wei eng Léisung envisagéiert Regierung dann ze huele fir dass deene Leit hire Modell vu Wunnen, ënnert der Form vun Tiny Houses, ka gesetzes-a reegelkonform realiséiert ginn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Lies

Deputéierten

 

Zréck