Envisagéiert d’Regierung eng Sensibiliséierungscampagne fir Medezinner an fir d‘medezinescht Personal?

Här President,

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

 

An der Stellungnam vun der Regierung zur Petitioun 1977, an der d‘Unerkennung vun der Endometriose als „maladie handicapante“ gefrot gouf, huet d’Regierung op eng am Mount Juni geplangten Entrevue tëschent dem Gesondheetsministère an der „Société Luxembourgeoise de Gynécologie et d‘Obstétrique“ verwisen. An der Äntwert vum 7. Abrëll op d’parlamentaresch Fro 5942 vum 16. Mäerz gouf och op en Echange tëschent dem Gesondheetsministère an den Acteuren um Terrain verwisen. An dem Kontext géing ech gär folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

  • Koum déi Entrevue schonn zu stan?
    • Wa jo, zu wat fir engem Schluss si béid Parteien komm?
    • Envisagéiert d’Regierung no dëse Gespréicher eng national Strategie géint Endometriose?
    • Envisagéiert d’Regierung eng Sensibiliséierungscampagne fir Medezinner an fir d‘medezinescht Personal?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

.

Nancy Arendt, épouse Kemp

Deputéiert

Zréck