Enkpass bei Grippeimpfung : Wéi gedenkt d’Regierung ze reagéieren fir méi Vaccinen ze kréien an de vulnerabele Leit Prioritéit ze ginn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

Gëschter war ze héieren datt am Moment quasi keng Grippe-Impfungen an den Apdikten ze kréie sinn. Enn des Mounts soll erëm eng Liwwerung vun enger grousser Firma kommen, dono géif et dann awer bis Dezember dauere bis déi nächst Impfstoffer am Grand-Duché ukommen. D’Apdikten hate wuel eng Circulaire vun der Santé kritt fir de vulnerabele Leit de Vaccin prioritär ze reservéieren, allerdéngs ass dës Circulaire zu engem Moment komm wou déi meescht Apdikte scho keng Impfstoffer méi haten.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

Wéi gedenkt d’Regierung ze garantéieren datt bei den nächste Liwwerungen déi vulnerabel Leit eng Prioritéit hunn?
Huet d’Regierung probéiert bei de verschiddene Fournisseuren ze intervenéiere fir datt zäitno méi Vaccine op Lëtzebuerg geliwwert ginn?
Wann nee, fir wat resp. huet se wëlles dat nach ze maachen?
Wéi eng Strategie huet d’Regierung dës Joer wat d’Grippe-Impfunge vun eiser Populatioun ugeet?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Jean-Marie Halsdorf

Deputéierten

 

 

 

 

Zréck