Eng Léisung fir méi abordabele Wunnengsraum ze schaffen an Situatioun ze entschäerfe wier, do wou et Sënn mëscht, de Bauperimeter an de Gemengen ze erweideren .

Här President

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir lech, dës parlamentaresch Fro iwwert de Wunnegsmaart un Madamm Logementsminister , Madamm Emweltminiter an un Madamm Inneminister weiderzeginn.

 

Gëschter war an der Gemeng Hesper eng Presentatioun fir de Verkaf vun 21 Appartementer a 14 Haiser an der Rothweit zu Alzeng déi vun der Société nationale des habitations à bon marché (SNHBM) solle gebaut ginn.

 

No dëser Reunioun, wou honnerte Leit präsent waren, hunn eng selleg Persoune virun der Dier vum Gebai vun der SNHBM hier Nuecht verbruecht, fir als 1. hiren Dossier ze hannerleeën, an der Hoffnung eng abordabel Wunneng kennen ze kréien.

 

Dës Reaktioun vun de Leit ass sécherlech een Zeeche vu Verzweiwlung a verdäitlecht déi aktuell dramatesch Situatioun um lëtzebuerger Wunnengsmaart.

 

Eng Léisung fir méi abordabele Wunnengsraum ze schaffen an Situatioun ze entschäerfe wier, do wou et Sënn mëscht, de Bauperimeter an de Gemengen ze erweideren . Vill Gemenge sinn am Kader vun der Refonte vun hirer PAG’en och bereet mat op dëse Wee ze goen.

 

Leider kréien si déi Perimetererweiderunge kategoresch refuséiert. Ëmmer erëm gëtt sech an dësem Kontext op Naturschutzgesetz beruff.

 

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un Madamm Logementsminister , Madamm Emweltminiter an un Madamm Inneminister riichten.

 

  • Wei vill Hektar u potentiellem Bauland krute Gemengen am Kader vun der Upassung vun hiren allgemenge Bebauungspläng bis haut net geneemegt?

 

  • Op wei eng Artikelen am Naturschutzgesetz berifft sech Regierung fir Bauperimetererweiderunge systematesch ofzeleenen?

 

  • Wei eng anere Grënn ginn et nach fir dës Refus’en ze beleeën?

 

  • Ass Regierung net der Meenung dass et eng Urgence um Wunnengsmaart gëtt?

 

  • Wéi gedenkt Regierung kuerzfristeg dësem Ëmstand entgéintzewierken?

Här President, mir bieden lech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

 

 

 

Marc Lies                                                                 Françoise Hetto

 

 

Deputéiert

 

 

 

Zréck