Edukatiounsministère organiséiert Concours fir 3èmen mat enger Rees op Dubai. Ëm wat geet et a wat kascht et ?

Här President,

 

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, des parlamentaresch Fro un den Här Bildungsminister weider ze leeden.

 

Den Educatiounsministère organiséiert fir all 3ième Klassen e Concours wou de Präis, fir eng ronn 100 Schüler, eng Rees op Dubai 2020 ass.

Vu dat den Minister net op meng mëndlech Froen den 3. Dezember an der Chambersplénière während der Froestonn geäntwert huet, well ech folgend Froen nach eng Kéier stellen:

·         Kann de Minister eis méi Detailer ginn em wat et am Concours präzis geet ?

·         Wat sinn d’Frais’en vun dëser Rees?

·         Ween iwwerhëlt dës Frais’en?

·         Wéi laang dauert dës Rees respektiv Excursioun?

·         Wéi vill Enseignant’en gi mat op dës Excursioun?

·         Wat fir eng Enseignant’en si virgesinn fir mat ze goen?

·         Kann de Minister eis Prezisioune gi wéi de Programm fir d’Schüler op der Plaz ausgesäit?

·         Kréien d’Schüler nieft dem kulturellen Deel, och de gesellschaftlechen a politeschen System vun Dubai erkläert?

·         Gedenkt de Minister esou Concours’en och op nationalem Niveau ze organiséieren, dëst z.B. am Kader vun Esch2022?

 

 

 

 

Mat déiwem Respekt,

 

Georges Mischo

Deputeierten

Zréck