E Vertrieder vun der Police huet den Deputéierten géintiwwer erkläert, dass d’Justiz iwwer déi nämmlecht Donnéeën verfügt wéi d’Police. Et ass eis och confirméiert ginn, dass PVën am Beräich vum Jugendschutz iwwer Mannerjäreger vun der Police archivéiert géifen. An d’Autorité de contrôle judiciaire, déi um Niveau vun de Juridiktiounen agesat ginn ass, setzt sech bal exklusiv aus Riichteren zesummen. An deem Kontext stelle mär eng Rei Froen un de Justizminister an de Minister fir bannenzeg Sécherheet.

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link:QP816

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden mir lech dës parlamentaresch Fro un den Här Justizminister an den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

  1. Gëschter huet e Vertrieder vun der Police den Deputéierten géintiwwer erkläert, dass d’Justiz iwwer déi nämmlecht Donnéeën verfügt wéi d’Police. Sou wieren och PVën oder Rapporten vun der Police betreffend suspekt Persounen, déi nie zu enger Condamnatioun gefouert hunn, am Besëtz vun der Justiz.

An deem Kontext wéilte mir folgend Fro un déi Häre Ministere stellen:

– Besteet net de Risiko, dass d’Benotzen vun dësen Donnéeën zu enger Violatioun vun der Onscholdsvermuddung kéint féieren respektiv zu engem Violatioun vun de Reegelen iwwer e faire Prozess, i.e. d’Recht op Waffegläichheet, d’Recht op eng kontradiktoresch Prozedur an d’Recht op eng motivéiert Decisioun ? Mir wëllen an där Hisiicht op d’Artikelen 6 vun der Mënscherechtskonventioun, respektiv 47 an 48 vun der europäescher Mënscherechtscharta verweisen, sou wéi den Artikel 3 vun der europäescher Direktiv iwwer d’Onscholdsvermuddung zitéieren: « Les États membres veillent à ce que les suspects et les personnes poursuivies soient présumés innocents jusqu’à ce que leur culpabilité ait été légalement établie. »

  1. Et ass eis och confirméiert ginn, dass PVën am Beräich vum Jugendschutz iwwer Mannerjäreger vun der Police archivéiert géifen. Doraus erginn sech folgend Froen:

– Ass dëst Virgoen konform zu de Prinzipien vun der UN-Mënscherechtscharta ?

– Firwat goufen an dësem Fall d’Recommandatiounen vun der Kontrollautoritéit gemäß Artikel 17 vum Gesetz vun 2002 iwwer den Dateschutz net ëmgesat ? An sengem Rapport vun 2015 schreift déi virgenannt Autoritéit, dass d’Police dës Donnéeën misst läschen, sou bal e PV oder Rapport un de Parquet weidergeleet gouf…

  1. D’Autorité de contrôle judiciaire, déi um Niveau vun de Juridiktiounen agesat ginn ass, setzt sech bal exklusiv aus Riichteren zesummen. Eenzeg Ausnam ass d’Presidentin vun der nationaler Dateschutzkommissioun. Heizou da folgend Fro:

– Sinn d’Ministeren net der Meenung, dass et problematesch ass, wann de Kontrolléierten sech selwer kontrolléiert ?

– Wéi gedenkt d’Regierung d’Onofhängegkeet vun där Autoritéit ze stäerken ?

– Wier et net ubruecht d’Kompetenzen vun där Autoritéit un de méi limitéierte Kader vun den europäeschen Dateschutztexter unzepassen ?

Här President, ech bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Laurent Mosar

Deputéierten

 

 

Gilles Roth
Deputéierten

 

Zréck