Duerch d’Verlängerung vum Verbuet vu Klappjuegte riskéiert de Wëldschued op de landwirtschaftleche Flächen an nächster Zäit staark zouzehuelen. Ass et net méiglech de betraffene Baueren eng eemoleg Entschiedegung fir den entstanene Wëldschued op hirer landwirtschaftleche Flächen zoukommen ze loossen ?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Ëmwelt, Klimaschutz a nohalteg Entwécklung an un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

Regierung huet decidéiert dei bestoend Restriktioune fir COVID-Bekämpfung bis de 15 Januar 2021 ze verlängeren. Domadder bleift och de Verbuet vu de Klappjuegte weiderhi bestoen. Duerch den Ëmstand dass Weldpopulatioun net reduzéiert ka gi riskéiert de Wëldschued op de landwirtschaftleche Flächen an nächster Zäit staark zouzehuelen.

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°3221 vum 29. November 2020 zitéiert Madamm Minister den den Artikel 44, 3. Abschnitt vum Juegdgesetz dee virgesäit, dass wann op Grond vun engem groussherzogleche Reglement een allgemengt Verbuet vun der Juegd ausgesprach gëtt, de Staat de Schued muss iwwerhuelen, wann de Schued duerch dëst Verbuet entstanen ass. Des Konditioune wäerten och weiderhin net erfëllt sinn, well d´Verbuet vun der Klappjuegd weiderhin duerch ee Gesetz an net duerch ee groussherzoglecht Reglement gereegelt gëtt.

Vu que dass de Verbuet vun der Klappjuegd net iwwer ee groussherzoglecht Reglement awer duerch e Gesetz de Jeeër imposéiert gëtt géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Ass Regierung net der Opfaassung, dass duerch dësen exzeptionelle Verbuet , imposéiert duerch e Gesetz, de Staat net awer misst fir de Wëldschued opkommen ?
  • Ass et net méiglech de betraffene Baueren eng eemoleg Entschiedegung fir den entstanene Wëldschued op hirer landwirtschaftleche Flächen zoukommen ze loossen ?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen                                                         Marc Spautz

 

Deputéiert

Zréck