D’Terraine fir de Bau vum Nordstad-Lycée sinn nach ëmmer net am Besëtz vum Staat. A wéi engem Mooss ass den Här Minister bereet, op d’Fuerderung vun de Propriétaire vun den Terrainen anzegoen an iwwer de Präis ze diskutéieren?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir ëffentlech Baute weiderzeleeden.

2007 huet den Nordstad-Lycée (NOSL) seng Dieren an engem Container-Gebai zu Dikrech opgemaach. D’Containere sollte just e Provisorium sinn. Mee haut, 15 Joer méi spéit, sëtzen d’Schüler nach ëmmer a Containeren, op 3 verschiddene Plazen.

De Gesetzprojet 7657  fir de Bau vum Nordstad-Lycée zu Ierpeldeng-un-der-Sauer gouf den 19. Januar 2021 vun der Chamber gestëmmt. Déi entspriechend Terraine sinn awer nach net am Besëtz vum Staat. Laut engem Zeitungsartikel vum 29. Januar 2022 wieren d’Propriétaire bereet ze verkafen, awer zu engem ugemoossene Präis. Dës Fuerderung gëtt vu Säite vum Schäfferot ënnerstëtzt.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir ëffentlech Baute stellen :

  • A wéi engem Mooss ass den Här Minister bereet, op d’Fuerderung vun de Propriétaire vun den Terrainen anzegoen an iwwer de Präis ze diskutéieren?
  • Plangt den Här Minister, am Extreemfall eng Enteegnungsprozedur ze declenchéieren, wëssend dass déi duerch d’„Utilité publique“ vum Projet méi einfach duerchzesetze wier?
  • Wa jo, wéini an zu wéi engem Präis?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck