D’Quarantänereegelen am Cycle 1 am Enseignement Fondamental ginn un déi vun deenen aneren Cyclen ugepasst. Well am Cycle 1 awer keng Maskeflicht gëllt, wéi erkläert den Här Minister d’Koherenz vun dëser Mesure?

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 81 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës urgent parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

 

An engem Communiqué vum 19. Januar 2022 kritiséieren den SNE an d’CGFP, dass d’Quarantänereegelen am Cycle 1 am Enseignement Fondamental un déi vun deenen aneren Cyclen ugepasst ginn, wat mat sech bréngt, dass eng Spillschoulsklass réischt ab 6 positive Fäll an Isolatioun muss goen. Dobäi kennt nach, dass d’Schnelltester am Cycle 1, net ewéi an den anere Cyclen, an der Klass gemaach ginn, mais Doheem an déi konform Duerchféierung vum Schnelltest duerch eng „Déclaration sur l’honneur“ garantéiert gëtt, déi am Virfeld vun den Elteren ënnerschriwwe muss ginn.

 

Doriwwer eraus, ass eng vun den Haaptsuerge vum SNE an der CGFP, dass et wéinst deene méi laxe Quarantänereegelen zu enger Durcheuchung vun der Schoulpopulatioun am Cycle 1 kennt a mir dann och eventuell an Zukunft mat méi Long-Covid-Fäll béi klenge Kanner ze di kréien.

 

An dësem Kontext wollt ech folgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen:

 

  • Wat waren d’Beweeggrënn vum Här Minister fir d’Quarantänereegelen am Cycle 1 opzelackeren?
  • Op wat fir enger eventueller wëssenschaftlecher Basis huet den Här Minister dës Decisioun geholl?
  • Well am Cycle 1 keng Maskeflicht gëllt, wéi erkläert den Här Minister d’Koherenz vun dëser Mesure?
  • Geet den Här Minister vun enger Hausse vun de Covid-Fäll am Cycle 1 aus nom Akraafttriede vun den néie Quarantänereegelen?
  • Wéi reagéiert den Här Minister op d’Haaptsuerge vum SNE an der CGFP vun enger méiglecher Durchseuchung vun de Schüler am Cycle 1?
  • Bezüglech der „Déclaration sur l’honneur“, déi d’Elteren ënnerschreiwe mussen, wat geschitt wann d’Eltere refuséieren dës z’ënnerschreiwen?
  • Wéi schätzt de Minister de Risque vu méiglechen Abusen vun der “Déclaration d‘honneur” an ? Ginn et dozou schonn Erfahrungen aus der Vergangenheet?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck