Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.
Déi steigend Präsenz vun Desinformatioun, besonnesch op soziale Medien, stellt eng grouss Erausfuerderung fir d’Gesellschaft duer. D’Beispill vu Finnland weist, wéi d’Integratioun vu Mediekompetenz a kriteschem Denken an de Schoulcurriculum zur Bildung vu resilienten Schüler bäidroe kann. Duerch eng systematesch Approche, wou spezifesch Coursen iwwert Desinformatioun an de Schoulen enseignéiert ginn, huet Finnland et fäerdeg bruecht, eng féierend Roll am Kampf géint Desinformatioun an Europa anzeschloen.
Lëtzebuerg steet virun änlechen Erausfuerderungen, sou wéi et och am Fokus vum Budget vum Joer 2025 virgesinn ass, den notamment staark gepräägt vun Theme wéi kënschtlecher Intelligenz ass. Eng staark Basis vu Medien- a Kritikkompetenzen dréit och hei zu engem méi informéierte Schüler bäi, deen sech géint sou Manipulatioune wiere kann.
An deem Kontext géif ech gäre follgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen:
Wéi eng Mesurë sinn aktuell en Place fir sécherstellen, dass d’Schüler déi Digital a Mediekompetenzen hu fir sech géint Desinformatioun ze wieren?
Gesäit den Educatiounsministère et vir, en änleche Programm zu Lëtzebuerg an d’Liewen ze ruffen, z. B. andeems spezifesch Coursen oder Optiounen an de Lycéeën agefouert ginn?
Ass geplangt, Sensibiliséierungscampagnë fir Schüler an d‘Léierpersonal ze organiséieren, fir den Impakt vu falschen Informatiounen ze reduzéieren?
Här President, ech bieden Iech dës Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.
Ricardo Marques
Députéierten
Zréck