Dierf an de Buvettë vun de Sportinfrastrukturen Iessen an Drénken zerwéiert ginn, wann d’Leit et am Setze consomméieren?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Inneminister, d’Madamm Gesondheetsminister, d’Madamm Kulturminister an den Här Sportminister weider ze leeden.

Momentan ginn d’Gemenge vun de benevolle Responsabele vun de Veräiner kontaktéiert fir ze froe wat fir eng Méiglechkeeten si hunn fir, am Respekt vun allen noutwendegen a gültege sanitäre Mesuren, e puer Evenementer ze organiséieren déi hinnen hëllefe fir och weiderhin hir Aktivitéite fir déi sëllege Kanner, Jonker an Erwuessener kënnen ze garantéieren.

Effektiv ass et esou datt den aktuellen Text vum Gesetz iwwer d’Mesuren am Kampf géint de COVID-19 net op all Froen eng Äntwert liwwert an et awer wichteg wier datt all Gemengeresponsabel déi selwecht Informatiounen an déi selwecht Richtlinnen fir hir Veräiner hätten.

Aus dësem Grond géif ech gäre folgend Froen un d‘Regierung stellen:

  • Dierf an de Buvettë vun de Sportinfrastrukturen Iessen an Drénken zerwéiert ginn, wann d’Leit et am Setze consomméieren?
  • Dierf an enger Sportshal oder an engem Centre culturel en Owend bei dem Iessen zerwéiert gëtt, organiséiert gi wann net méi wéi 10 Leit un engem Dësch setzen? Wann nee, dierfen Take out Iessen organiséiert ginn?
  • Wat ass konkret ze verstoen ënner engem „lieu de restauration occasionnelle” esou wéi et am Artikel 2 vum Gesetz virgesinn ass?
  • Mussen d’Gemengen dofir suergen datt tëscht all Aktivitéit vu verschiddene Veräiner Vestiairen an Dusche musse gebotzt ginn, wëssend datt den Timing tëscht den eenzelen Traininge vu Veräiner meeschtens ganz enk ass an dat e grousse finanziellen Opwand fir d’Gemengen ass?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Françoise Hetto-Gaasch

Deputéiert

Zréck