D’Gebléishal um Belval steet aus Sécherheetsgrënn net fir Esch 2022 „Capitale Européenne de la Culture 2022“ zur Verfügung. D’Fourrière vun der Police ass awer an engem Deel vun der Gebléishal ënnerbruecht. Ass an deem Kontext d’Sécherheet garantéiert?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link: QP 676

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten a Personalunioun mam Minister fir bannescht Sécherheet weider ze leeden.

D’Madamm Kulturminister huet mech informéiert datt d’Gebléishal um Belval aus Sécherheetsgrënn net fir Esch 2022 „Capitale Européenne de la Culture 2022“ zur Verfügung steet. Elo ass et jo awer esou datt d’Fourrière vun der Police an engem Deel vun der Gebléishal ënnerbruecht ass.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister stellen:

  • Wéi ass et mat der Sécherheet vun de Police Agenten déi sech ëm d’Fourrière këmmeren?
  • Wat fir eng Moossname ginn ënnerholl fir d’Sécherheet vun der Police ze garantéieren?
  • Wou géif d’Fourrière hikomme wann d’Gebléishal géif aus Sécherheetsgrënn zou gemaach ginn?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Georges Mischo

Deputéierten

 

 

Zréck