Des Leit wou eis am Noutfall vun der Pandemie gehollef hunn, brauchen eng kloer Perspektive fir hir berufflech Zukunft: Wéi eng Strategie huet de Minister fir déi Leit wou rekrutéiert gi sinn mat engem CDD?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch ewéi un den Här Minister vir sozial Sécherheet weider ze leeden.

Am Kader vun der sanitärer Kris sinn 80 bis 100 nei Posten an den Klinicke geschaaft ginn fir d’ Covid-Patienten ze soignéieren.

Laut mengen Informatiounen wäert deen am Kader vun der Covid-19 Pandemie geneemegten zousätzleche Budget fir d’Personal am Mäerz gekierzt ginn, an Enn des Joers komplett verschwannen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung dës Informatiounen bestätegen?
  • Wéi vill Persounen sinn bis elo agestallt ginn am Kader vun der sanitärer Kris?
  • Sinn dës Persounen mat engem CDD oder CDI agestallt ginn?
  • Wéi wäit huet een am Kader vun dësen Astellungen op Grenzgänger missen zeréckgräifen?
  • Des Leit wou eis am Noutfall gehollef hunn, brauchen eng kloer Perspektive fir hir berufflech Zukunft: Wéi eng Strategie huet de Minister fir déi Leit wou rekrutéiert gi sinn mat engem CDD? Gëtt dëse Persounen hire Kontrakt, sou bal en ofleeft net méi verlängert? Vir wéi laang sinn dës Persoun agestallt ?
  • Am Fall wou keng Verlängerung geneemegt gëtt, ass d’Regierung net der Meenung, datt esou een Virgoen riskéiert datt d’ Infirmier’en aus dem Grenzgebitt an Zukunft méi retizent sinn fir op Lëtzebuerg schaffen ze kommen?

Här President, ech bieden Iech main déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck