Denkt d’Regierung drun nom “Nature&Castle” Hop-on-Hop-off och een “Moselle&Win” Bus fir den Oenotourismus an ze setzen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir den Tourismus an de Mëttelstand weider ze leeden.

Säit Juni fiert eng nei Hop-on-Hop-off-Tourbuslinn „Nature&Castle Line“ duerch den Norden an Osten vum Land. Den Tour geet vu Beefort iwwer Veianen op Iechternach an zréck a bleift op deem Trajet op enge sëllechen touristesch interessante Platzen halen.

Entstanen ass dës Linn an Zesummenaarbecht tëscht de regionalen Tourismusbüroe Mëllerdall an Éislek a gëtt vum Tourismusministère ënnerstëtzt.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d‘Regierung stellen:

Deelt de Minister d’Iddi datt esou eng Buslinn och interessant wier fir den Oenotourismus op der Musel ze fërderen?
Wa jo, gedenkt de Minister sech mat de concernéierten Acteuren zesummen ze setze fir eng Tourbuslinn „Moselle&Wine“ op d’Been ze stellen?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Léon Gloden

Deputéierten

 

 

 

 

 

Zréck