Den Educatiounsministère proposéiert Nohëllefsstonnen vum 31. August bis den 11. September. Ginn et genuch Enseignanten fir des Nohëllefsstonnen ze assuréieren? A wéi grouss ass d’Nofro bei de Schüler?

Här President,

Sou wéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

D’Schouljoer 2019/2020 war ganz kloer e schwéiert Joer, dat fir d’Enseignanten, d’Schüler an d’Elteren. Fir déi Schüler, déi um Enn vun der Vakanz nach wëllen Nohëllef kréien, fir sech esou besser op d’Rentrée ze preparéieren, proposéiert den Educatiounsministère gratis Nohëllefcoursen un.

D’Nohëllefsstonne wäerte vum 31. August bis den 11. September stattfannen. Esouwuel d’Schüler aus ëffentleche Schoule respektiv Lycéeën, ewéi och d’Schüler aus privaten Etablissementer, déi den offizielle Schoulprogramm applizéieren, kënnen sech fir d’Nohëllef-Coursen aschreiwen.

 

An dësem Kontext, well ech folgend Froen un den Här Minister stellen:

  • Hu sech genuch Enseignantë gemellt fir des Nohëllefcousen kennen ze gi?

 

  • Wa jo, wéi vill?
  • Wa nee, wei gedenkt de Minister des Nohëllefsstonne kennen unzebidde wann net genuch Enseignantë do si fir dëst ze assuréieren?
  • Wéi vill Schüler hunn sech mëttlerweil ugemellt fir des Nohëllefcoursen an Usproch ze huelen?

 

Mat déiwem Respekt,

 

 

 

 

Francoise Hetto

Zréck