Den Aarbechtsmaart zu Lëtzebuerg wiisst ëmmer méi. Dobäi gëtt um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart ëmmer méi en CDD (contrat à durée déterminée) engem CDI (contrat à durée indéterminée) virgezunn.

Här President,

 

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, des parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft weiderzeleeden.

 

Den Arbechtsmoart ze Lëtzebuerg wiisst ëmmer méi. Fir a Lëtzebuerg kennen e Logement respektiv e Prêt op enger Bank zekreien, ass en CDI ( contrats à durée indéterminée ) eng Viraussetzung. Um Lëtzebuerger Arbechtsmoart sinn CDD ëmmer méi gefrot.

 

 

 

Aus dem Grond, well ech folgend Froen un den Minister fir Aarbecht , Beschäftegung an Sozial- an Solidarwirtschaft  stellen:

 

  • Wéi vill CDD ( contrats à durée déterminée ) sin déi lescht 24 Méint ze Lëtzebuerg ofgeschloss gin ?

 

  • Wéi laang sinn déi CDD, déi maximal Dauer vun 24 Méint respektiv méi kuerz ? Wei gesäit déi Statistik iwwert déi lescht 10 Joer aus ?

 

  • Gin Betriber déi systematesch op CDD zeréckgräifen , vun der ITM kontrolléiert, op dat keng definitiv Aarbechtsplaz misst sinn ?

 

  • Wéi vill CDDen gëtt et pro Wirtschaftssecteur ?

 

  • Wéi ass Verhältnis um Arbechtsmoart CDD ze CDI , iwwert déi lescht 10 Joer ?

 

  • Wat plangt Regierung fir dass et manner CDD an méi CDI um Lëtzebuerger Arbechtsmoart gëtt, well den CDI Grondviraussetzung ass fir op eegenen Been zestoen?

 

 

 

Mat déiwem Respekt,

 

 

 

 

 

Marc Spautz

Deputéiert

 

Zréck