Den 12. Februar 2023 solle verschidde Buslinnen, déi Aktivitéitszonen an Industriegebidder a ville Regioune vum Land zu den Zäite vum Schichtwiessel desservéieren, ersatzlos agestallt ginn. Wat sinn d’Grënn fir d’Ofschafe vun de genannte Buslinnen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

Den 12. Februar 2023 solle verschidde Buslinnen, déi Aktivitéitszonen an Industriegebidder a ville Regioune vum Land zu den Zäite vum Schichtwiessel desservéieren, ersatzlos agestallt ginn. Laut Schätzung vun enger Gewerkschaft sinn op d’mannst 1.000 Leit dovu betraff.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte riichten:

  • Wat sinn d’Grënn fir d’Ofschafe vun de genannte Buslinnen?
  • Op Basis vu wéi engen Donnéeën ass déi Decisioun geholl ginn?
  • Ass eng Etude iwwer d’Notzung vun de betraffene Buslinne gemaach ginn?
    • Wa jo, wien huet déi duerchgefouert an a wéi engem Zäitraum?
    • Wann net, firwat net?
  • Wéi passt d’Ofschafe vun de genannte Buslinnen an d’Konzept vun engem méiglechst flächendeckenden ëffentlechen Transport a wéi ass dës Decisioun kompatibel mam „Plan national de mobilité“ an den Ustrengunge vun der Regierung, fir méiglechst vill Leit duerch eng méiglechst gutt ëffentlech Offer z’iwwerzeegen, den Auto zu Gonschte vum ëffentlechen Transport stoen ze loossen?
  • Wëssend dass virun allem Aarbechter, also Leit mat engem méi nidderegen Akommes, vun der Decisioun betraff sinn, wéi eng Mesure gesäit d’Regierung vir, fir dëse Leit bei hirem deegleche Wee op d’Aarbecht finanziell ënner d’Äerm ze gräifen, wann se vum 12. Februar 2023 u musse mam Auto fueren ?
  • Huet den Här Minister sech an deem Kontext am Virfeld vu senger Decisioun mat der Gewerkschafte concertéiert?
    • Wa jo, wéi eng Conclusioune sinn dobäi gezu ginn?
    • Wann net, firwat net?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck